Maagbitter Buff

Vu Wikipedia
Buff-Publicitéit vun 1908

De Maagbitter Buff kuerz Buff oder och nach Iechternacher Buff ass eng Modrëpp, déi zu Housen vun der Firma Pitz-Schweitzer op Basis vun engem Rezept vum Dokter Herman Boerhaave (1668-1738) fabrizéiert gëtt.

De Buff gouf zanter 1876 zu Iechternach vum Friedrich-Wilhelm-Ludwig Buff, engem pensionéierte lëtzebuergeschen Offizéier vun hollännescher Ofstamung hiergestallt. 1887 koum d'Firma an de Besëtz vum Branntewäinshändler Paul Ossyra.

De 14. Mäerz 1900 huet den Ossyra d'Etikett fir de Buff patentéiere gelooss[1] an den 23. Mee 1935 gouf d'Patent ënner der Nr. 7707 erneiert[2].

An den 30er Jore koum d'Patent an de Besëtz vum der Firma Pitz-Schweitzer déi elo de Buff an der véierter Generatioun produzéiert.

De Buff krut e puer Präisser souwuel am Land wéi am Ausland: 1878 en Éierendiplom zu Paräis, 1891 een zu Lëtzebuerg, a verschidde Goldmedailen, wéi 1890 zu Köln, 1891 zu Lëtzebuerg, Spa a London, an 1892 zu Nice. Op der Internationaler Ausstellung zu Paräis vun 1900 krut de Produit vum Louis Buff eng Bronzemedail[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial 1900 Annexe 01
  2. Memorial vum 27. Januar 1935 Annexe Nr. 1, Nr. 7707, 23. Mai 1935. Firma Louis Buff, Eigentümer Herr Paul Ossyra, Echternach. Waren: Doctor Boerhave's Magenelexir, gen. Buff. Die Marke stellt ein Etikett dar in rotem Ton gehalten, wärend Schrift und Bild hell hervortreten. Das Etikett zeigt ein Porträt des Doctor Boerhave, über demselben die Worte «Maag Elixir» unter demselben die Worte «Doctor Boerhave L. Buff N. F. te Echternach (Lux).
  3. Cf. Memorial Nr. 48 vum 13. Juli 1901.