Eugène Weiwertz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pierre Eugène Weiwertz, gestuerwen de 4. September 1900 op Iechternacherbréck am Alter vun 63 Joer, war en Iechternacher Gierwer.

Den Eugène Weiwertz war President vum Iechternacher Verschéinerungsveräin am Veräinsjoer 1881/1882, an duerno vun 1883/1884 u bis 1896/1897.

Vu senger Grënnung am Januar 1886 un, an nach laang Joren do duerno, war den Eugène Weiwertz Vizepresident vum lëtzebuergesche Landesveräi fir Beienzuucht (Luxemburgischer Landesverein für Bienenzucht).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 71 S. (Online publizéiert). [1]