Op den Inhalt sprangen

Wollefsschlucht (Iechternach)

Vu Wikipedia
D'Wollefsschlucht.

D'Wollefschlucht (de: Wolfsschlucht, fr: Gorge du loup) bei Iechternach ass en enke Schloff am Lëtzebuerger Sandsteen, deen um Wee vum Troosknäppchen an den Dall vun der Äsbech läit. Si ass ee vun de spektakulärste Sitte vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Hire viischten Deel gëtt vu 40 bis 50 Meter héije Sandsteefielse gebilt. Am Agank vun der Schlucht steet en héije spatze Fiels, deen un en Obelisk erënnert, an dofir d'“Nol vun der Kleopatra” (Nadel der Kleopatra, aiguille de Cléopâtre) genannt ginn ass. D'Schlucht ass eréischt 1881 duerch den Iechternacher Verschéinerungsveräin zougänglech gemaach ginn. Virdrun huet kaum e Mënsch de Wee dohi fonnt. Als Däiwelsschoart (Teufelsscharte) ass si an de lokale Seeërcher virkomm.[1]

Hiren aktuellen Numm krut d'Wollefsschlucht 1881, wéi ee vun den éischten Touristen, déi doduerch gefouert goufen, e Mann vun Tréier, si mat der "Wolfsschlucht" aus dem Carl Maria von Weber sengem "Freischütz" verglach huet. Den Numm "Däiwelsschoart" ass duerno an enger éischter Phas nëmmen nach fir den ieweschten, méi flaachen Deel vun der Schlucht, d. h. hiren Ausgank a Richtung Äsbech, gebraucht ginn. Hautdesdaags gëtt mat deem Numm just nach eng Spléck am Fiels, déi kuerz virun dem Ausgank an eng Zort véierzeg Meter déif Hiel féiert, bezeechent (op Franséisch: brèche du diable).[1]

Mat de Wëllef, déi nach am 19. Joerhonnert an der Géigend gelieft hunn, huet déi Iechternacher Wollefschlucht also näischt ze dinn,[1] dat am Géigesaz zu Flouernimm wéi "Wollefshank", "Wollefsho", "Wollefsknupp", Wollefsbësch", déi ee soss am Land begéint. Nimm wéi "Wollefslach" (Nouspelt, Schweech, Siwwenaler, etc.) oder "Wollefskaul" (Bartreng, Groussbus, Waldbëlleg, etc.) weisen drophin, datt do fréier meterdéif Kaulen, sougenannte "Wollefgrouwen", gegruewe gi sinn, fir Wëllef ze fänken an doutzemaachen. Och Griechten oder soss enk Passagen an der Landschaft sinn als Wollefsfale benotzt ginn; dorun erënnert de Flouernumm "Wollefsgriecht" (Berbuerg, Menster, Miersch, Miesdref, etc).[2]

De leschte Wollef an der Iechternacher Géigend

[änneren | Quelltext änneren]

De leschte Wollef an der Iechternacher Géigend ass 1871 op Manertchen geschoss ginn, an zwar vum Kondukter Michel Dondelinger, deen zéng Joer méi spéit zesumme mat sengem Fils, dem Ingenieur Victor Dondelinger, fir d'Erschléissung vun der Wollefschlucht responsabel sollt sinn. De leschte Wollef am Kanton Iechternach ass 1883 um Geieschhaff (Gemeng Bech) erluecht ginn.[3]

De Schluchtbësch

[änneren | Quelltext änneren]

Botanesch gesinn stécht d'Géigend vun der Wollefsschlucht duerch de Schluchtbësch (forêt de ravin) ervir, deen do op den Hänk wiisst.[4]

D'Wollefsschlucht an de Seeëcher

[änneren | Quelltext änneren]

D'Seeëcher an deenen d'Wollefsschlucht (alias Däiwelsschoart) virkënnt,[1] si fir d'éischt vum Adam Reiners a sengen Echternacher Volkssagen (1880) ënner dem Titel Der "Deivel[s]schoart" unter der Lann erzielt ginn.[5]. Varianten dovu sinn 1883 beim Pierre Wolff[6] a beim Nicolas Gredt[7] ze fannnen.

D'Wollefsschlucht um Deckel vun Touristeguiden an op Affichen, Timberen a Vignetten

[änneren | Quelltext änneren]

Eng Lithographie vun der Wollefsschlucht — den Agank vun der Schlucht mat Vue op Iechternach — war um Deckel vum Adam Reiners sengem Touristeguide Historisches und romantisches Echternach mit Umgebung (1. Editioun 1880, 2. Editioun 1882) ze gesinn,[1] grad sou wéi op dem Deckel vum "Guide officiel", deen de Verschéinerungsveräin vun 1905 un erausginn huet (bis zu der 12. Editioun, 1950). Eng pittoresk Zeechnung vun der Wollefsschlucht huet de Michel Engels a sengem Buch Le Luxembourg pittoresque, dat 1901 erauskomm ass, publizéiert.[8]

D'«Gorge de la Wolfsschlucht» ass op enger Affiche ze gesinn, déi d'Chemins de fer de l'Est ëm 1900 erausginn hunn. De Motiv ass déi klassesch Vue vum Agank vun der Wollefsschlucht op Iechternach. D'Auteure vum Bild waren de J. Roquenoir an den Étienne de Martenne, deen 1868 ze Lyon gebuer an 1920 zu Paräis gestuerwen ass. D'Affiche ass vum E. Baudelot, Affiches artistiques, Bd. de Montparnasse, Paris VIe, gedréckt ginn. Dimensiounen: 105,5 x 75 cm.[9]

De 25. September 1923 huet d'Lëtzebuerger Post en Timber mat der Wollefsschlucht[10] mat Vue op Iechternach erausginn.[11] De Virschlag, Timbere mat den Haaptattraktioune vum Lëtzebuerger Land, dorënner och d'Wollefsschlucht, erauszeginn, war iwweregens schonn 1914 am Escher Tageblatt gemaach ginn.[12]

D'Wollefschlucht (och mat Vue op Iechternach) ass och op enger Iechternacher Vignette ze gesinn, déi fir den Entretien vun de Promenadë geduecht war (Präis: 1 Frang). Dat war also eng Aart Kurtax. Dës Vignette ass am Laf vum Joer 1925 erauskomm.[13]

Schliisslech gëtt et och nach eng aner Vignette vun der Wolfsschlucht mat Vue op Iechternach a mat dem Text: Echternach, Perle der Luxemburger Schweiz. Anfragen an den Verschönerungsverein. Lith. M. Huss, Luxemburg.

  • Krippel, Y., 2005. Die Wälder auf Luxemburger Sandstein. In: Y. Krippel (Hrsg.): Die Kleine Luxemburger Schweiz: Geheimnisvolle Felsenlandschaft im Wandel der Zeit. 1. Aufl. Luxemburg, Société des naturalistes luxembourgeois, Musée national d'histoire naturelle, Administration des eaux et forêts, S. 133-155. [Bibliographie: 243-244].
  • Massard, J.A., 1995. Wolfsschlucht und Wolfsgeschichten: Wölfe im Kanton Echternach. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, S. 239-272. PDF
  • Massard, J.A., 1998. Historisch-naturwissenschaftlicher Streifzug durch den Kanton Echternach. Nos Cahiers, 19 (2-3), S. 363-393. PDF
  • Massard, J.A., 2011. Wie die Echternacher Wolfsschlucht zu ihrem Namen kam. Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 82 (28. Abrëll), S. 20-21. PDF (Text mat Foussnotten a Quellen: PDF)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Massard 2011.
  2. Massard 1995, S. 243f.
  3. Massard 1995, S. 263.
  4. Massard 1998, S. 374-375; Krippel 2005, S. 139-140.
  5. Reiners, A., 1880. Echternacher Volkssagen. Echternach, D. Burg, S. 43-48.
  6. Wolff, P., 1883. Der verwünschte Graf in der “Wolfsschlucht” bei Echternach. Das Luxemburger Land 1883, Nr. 16 (22. Apr.): 189. [1]
    Wolff, P., 1883. Der verwünschte Geizhals im “Teufelsschaart” bei Echternach. Das Luxemburger Land 1883, Nr. 19 (13. Mai): 224. [2]
  7. Gredt, N., 1883. Sagenschatz des Luxemburger Landes. Luxemburg, V. Bück, S. 241 (Sage Nr. 436: Des Kronenburgs Schätze in der Deiwelsschoart unter der Lann) a S. 242 (Sage Nr. 437: Der verwünschte Graf in der Wolfsschlucht bei Echternach). [3]
  8. Engels, M., 1901. Le Luxembourg pittoresque = Das romantische Luxemburger Land / dessins et vignettes par Michel Engels ; texte explicatif par Michel Engels, M. Huss. Luxembourg, M. Huss, 82 S.
  9. Luxembourg Tourist Posters
  10. View of Echternach
  11. Kauthen, P., 1998. L'histoire d'Echternach racontée par les timbres-poste luxembourgeois. In: Cercle Philatélique Echternach (éd.): 57e Journée du Timbre Echternach, S. 21s.
  12. Briefmarken und Tourismus. Escher Tageblatt 1914, Nr. 74 (30. März): 2. [4]
  13. Luxemburger Wort 1925, N. 168 (17. Juni), S. 3
Commons: Gorge du Loup (Echternach) – Biller, Videoen oder Audiodateien