Op den Inhalt sprangen

Pierre Wolff

Vu Wikipedia
Pierre Wolff
Gebuer 1. Januar 1853
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Pierre Wolff, gebuer de 15. Abrëll 1859[1] zu Bäerdref, an do gestuerwen de 6. Dezember 1895, war e lëtzebuergeschen Enseignant.[2]

Vun 1879 bis 1895 huet hien an der Normalschoul als Maître de calligraphie[2] respektiv Maître de dessin[1] Kalligraphie an Zeechnen enseignéiert. Hien hat sech den 20. August 1885 an der Stad Lëtzebuerg mat der Catherine Mathilde Ludvig bestuet.[3] D'Koppel, déi zwee Kanner hat,[2] huet och do gewunnt.[4]

De Pierre Wolff huet eng Rei vun Artikelen an der Zäitschrëft "Das Luxemburger Land" publizéiert,[1] virun allem Seeërcher a Legenden, déi vum Nicolas Gredt a säi "Sagenschatz des Luxemburger Landes" (1883) opgeholl gi sinn.[5]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Blum, M, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 607. – Beim Blum steet e falsche Gebuertsdatum, nämlech den 1. Januar 1853.
  2. 1 2 3 Luxroots.
  3. Stad Lëtzebuerg, Regëster vun de Bestietnesser, 1885, Nr. 70.
  4. Gemeng Bäerdref, Stierfregëster, 1895, Nr. 12.
  5. N. Gredt: Sagenschatz des Luxemburger Landes. Band II. Index, Motiv- und Sachregister nach der Aufstellung von J. Dumont und A. Jacoby für den Druck vorbereitet von H. Rinnen. Esch-Alzette 1967, S. 14.