Das Luxemburger Land

Vu Wikipedia

Das Luxemburger Land war den Titel vun enger lëtzebuergescher Zeitung, déi tëscht 1882 an 1887 bei verschiddene Verlagen erauskoum. Editeur war de Jean-Nicolas Moes.

Déi éischt Nummer koum den 1. Oktober 1882 an der Dréckerei Pierre Bruck an der Stad Lëtzebuerg eraus. De kompletten Titel war Das Luxemburger Land. Organ zunächst für inländische Altertumskunde und Geschichte, Literatur, Verschönerungswesen und Touristik. Et war dëst eng Wochenzeitung, déi eng aner Zeitung vum Moes ersat huet, an déi Der Tourist. Ein Führer durch das historische und romantische Grossherzogtum Luxemburg und dessen nächste Umgebung geheescht huet an et op 13 Nummere bruecht hat.

De 7. Januar huet d'Luxemburger Land an d'Oktav-Format gewiesselt, an den Ënnertitel gouf an Organ für vaterländische Geschichte, Kunst und Literatur ëmbenannt.

Das Luxemburger Land koum duerno kuerz an der Dréckerei Louis Schaumburger eraus, a dunn beim Karl Mersch. Den Nicolas van Werveke gouf Mataarbechter an huet dofir gesuergt, datt historesch Theemen net ze kuerz kéimen. Anere Mataarbechter war de Martin Blum.

1887 gouf d'Zeitung agestallt.

Se koum awer e bësse méi spéit an engem neie Format, ënner dem Titel Das Vaterland. Organ für Luxemburgische Geschichte, Kunst und Literatur als Bäilag vun der Obermosel-Zeitung eraus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Grégoire, Pierre: Drucker, Gazettisten und Zensoren. Durch vier Jahrhunderte Luxemburger Geschichte. Luxembourg: Saint-Paul, 1966. Bd. 5, S.168-170.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]