Op den Inhalt sprangen

Wollef

Vu Wikipedia
Wollef
E Wollef

E Wollef
E Wollef
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Hënn
Ënnerfamill: Echt Hënn
Gattung: Canis
Wëssenschaftlechen Numm
Canis lupus
Linnaeus 1758
D'Verbreedung vum Wollef (Stand 2018)
(gréng = aktuell, rout = fréier)

De Wollef (Canis lupus) ass e Raubdéier vun der Gattung Canis, aus der Famill vun den Hënn (Canidae).

Wëllef ware fréier a ganz Europa verbreet, goufen awer a West- a Mëtteleuropa sou gutt wéi ausgerott.

Wëllef gläiche grondsätzlech engem groussen Haushond, just datt hiren Torso méi laang an d'Broscht méi héich ass. De Kapp ass relativ grouss, d'Stier breet, an d'Oueren éischter kuerz. De Schwanz ass buuschteg an ongeféier en Drëttel sou laang wéi de Kierper.[1] D'Faarf vum Pelz variéiert; et gëtt wäiss, crèmefaarweg, donkel, gielzeg, roudelzeg, gro a schwaarz Wëllef. An den temperéierte Klimazone vun Europa ass déi dominant Faarf gro, méi am Norde gëtt d'Proportioun vun de schwaarzen a wäisse méi grouss. De Bauch, d'Been an d'Maul si méi hell wéi de Rescht vum Kierper. Och Gréisst a Gewiicht ass no de Géigende verschidden: an de Bëschgéigende vu Lettland, Wäissrussland, Alaska a Kanada kënne se vu Kapp bis Hënner bis zu 160 cm a vum Buedem bis un d'Schëller 80 cm grouss a bis zu 80 kg schwéier ginn. Am Viischten Orient an op der arabescher Hallefinsel gi se just bis zu 80 cm laang a ronn 20 kg schwéier. Déi mëtteleuropäesch Wëllef leien tëscht deenen zwéin Extremer.

Et gëtt dräizéng lieweg an zwou ausgestuerwen Ënneraarten.

Déi normal Sozialuerdnung vun de Wëllef ass de Ruddel. Dëse besteet an der Reegel aus enger Elterekoppel mat hirem Nowuess. Jonk Wëllef ginn eréischt mat zwee Joer geschlechtsräif a siche sech dann hiert eegent Revéier. Bis dohi këmmere se sech mat ëm hir jonk Gesëschter, déi dat Joer no hinne gebuer goufen. Wollefsruddelen hunn all e fest Revéier, dat se, wann et muss sinn, vehement verdeedegen.

De Wëllef hiren Haaptkascht besteet aus Planzefrësser, déi s'am Ruddel joen. Jee no Géigend kënnen dat Elchen, Rendéieren a soss Hirschaarten, an an de Bierger Wëllschwäin, Wëllschof a Steebéck sinn. Dobäi komme méi kleng Mamendéiere wéi Huesen, Kanéngercher, Wullmais a Lemmingen, an, nobäi bei de Mënschen, och alt Schof, Kaalwer, Haushënn a -kazen. D'Wëllef friessen och Planze wéi Molbier, Rout Molbier, Schwaarzbier, Wëlluebst, Spackelter a Grieser.

E Wollef, deen huerelt
D'Huerelen

De Wollef zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

De Wollef ass eent vun den ursprénglech heemesche Wëlldéieren zu Lëtzebuerg a war iwwer Joerhonnerte feste Bestanddeel vun der natierlecher Fauna am Land.

An der Zäit, wéi d'Bevëlkerung zu Lëtzebuerg gréisstendeels vun der Landwirtschaft gelieft huet, an d'Verméigen an d'Existenzgrondlag vun de Mënschen zu engem groussen Deel vun hirem Véi ofhängeg waren, gouf de Wollef als eng grouss wirtschaftlech Gefor ugesinn. Zousätzlech gouf en als méiglechen Iwwerdroer vun der Tollwut gefaart, enger Krankheet, géint déi et bis zur Entwécklung vun der éischter erfollegräicher Post-Expositiounsbehandlung duerch de Louis Pasteur am Joer 1885 keng wierksam Heelung gouf an déi bal ëmmer zu engem qualvollen Doud gefouert huet. Fir d'Gesondheet an d'Liewensgrondlag vun der Bevëlkerung ze schützen, gouf de Wollef dofir mat de Mëttelen an de Méiglechkeete vun där Zäit konsequent bekämpft. Als Ureiz huet d'Regierung Primme fir all erluechte Wollef ausbezuelt.

Fir d'Primm ausbezuelt ze kréien, huet de Jeeër de Kapp vum erluechte Wollef misste virleeën. Fir Fuddelereien ze verhënneren an auszeschléissen, datt dee selwechte Wollef méi wéi eng Kéier fir eng Primm presentéiert gouf, goufen d'Oueren nom Kontrolléieren ofgeschnidden. Esou goufen tëscht 1818 an 1821 um Gebitt vum haitege Groussherzogtum am ganzen 211 Déieren dout gemaach, dorënner 75 Wëllefinnen, 76 Wëllef a 60 Jongdéieren.[2]

Niewent den offizielle Klappjuegten, déi vun de Gemengen an de lokalen Autoritéiten organiséiert goufen[3], waren d'Wollefskaulen eng ganz verbreet a geziilt Method fir de Wollef ze fänken an doutzemaachen. Dës Fale bestoungen aus engem meterdéiwe Lach, dat virsiichteg mat Äscht a Blieder zougedeckt a mat engem Schof, enger Gees oder anerem Fleesch preparéiert gouf, fir de Wollef unzelackelen. Nieft dëse gegruewe Kaulen hunn d'Jeeër awer och d'Topographie vun der Natur fir sech schaffe gelooss: natierlech Griechten an enk Fielspassagen an der Landschaft goufe strateegesch ausgenotzt, fir de Wollef an d'Enkt ze dreiwen an ëmzebréngen.

Datt dës Juegdmethode wäit verbreet waren, gesäit een haut nach ganz kloer un de Flouernimm. Wärend Nimm wéi “Wollefsaker” (Manternach, Stadbriedemes), ”Wollefsbësch” (Mäertert), ”Wollefsdällt” (Clierf), ”Wollefsdréisch” (Folscht), "Wollefsheck" (Biebereg, Biissen), "Wollefshiel” (Weiler zum Tuer), “Wollefsho” (Bous), “Wollefsknupp” (Stadbriedemes), “Wollefsmillen” (Mäertert, Munneref), “Wollefswee” (Konstem) oder “Wollefswis” (Konsdref) éischter op d'Presenz vum Déier hiweisen, zeien aner topographesch Bezeechnungen direkt vun de Juegdfalen. Nimm wéi "Wollefslach" (Manternach, Nouspelt, Schweech, Siwwenaler), "Wollefskaul" (Fluessweiler, Folscht, Garnech, Gréiwemaacher, Lenneng, Mäertert, Rëmerschen, Steesel, Bartreng, Groussbus a Waldbëlleg) oder “Wollefsgrouf" (Biekerech) beweisen, datt do fréier dës meterdéif Kaulen existéiert hunn. Och d'Erënnerung un d'Falen an enke Passagen ass erhale bliwwen: de Flouernumm "Wollefsgriecht", (Berbuerg, Menster, Miersch, Miesdref) erënnert un déi dacks natierlech Engpäss, déi d'Mënschen deemools och als Wollefsfale benotzt hunn.[4][5]

D'Gesetz vum 8 Januar 1850 setzt eng Primm vu 25 Frang fir en erwuesse Wollef oder Wëllefin, a 5 Frang fir e jonke Wollef fest.[6] Zum Verglach: 1888 huet e Akkordaarbechter bei der Cerabati zu Waasserbëlleg tëscht 3 a 5 Frang den Dag verdéngt. Mat 25 Frang huet d'Primm fir en erwuessene Wollef domat ongeféier dem Akommes vun enger Aarbechtswoch entsprach a war fir déi deemoleg Zäit e bedeitende finanzielle Ureiz.[7]

Den Ernest Faber huet 1908 eng Lescht mat de genauen Detailer iwwert d'Primmen déi vun 1850 un ausbezuelt goufe publizéiert.[8]

Wien Wou Gemeng Gemenge sinn déi vun 2026 Kanton Wéini Wat
Reiff Peter in NiedefeulenFeelenFeelenDikrech1. Jan. 18501Wölfin
Boos Wilhelm in HosingenHousenParc HousenClierf3. Jan. 18501Wolf
Thom. Adam in FeulenFeelenFeelenDikrech5. Jan. 18501Wolf
Kayser Nik. in PerléWanselerWanselerWolz7. Jan. 18501Wolf
Ficcard F. in SimmernSimmerHabschtCapellen16. Jan. 18501Wölfin
Gresch Nik. in KahlerKolerGarnechCapellen18. Jan. 18501Wolf
Fiedler Peter in UlflingenËlwenËlwenClierf24. Feb. 18501Wolf
Mai Nik. u. Kons. in ObermertzigMéchelbuchViichtenRéiden12. April 18503junge Wölfe
Egide C. u. Kons. in NiederbesslingenKierchenËlwenClierf7. Mai 18503junge Wölfe
Meyers Nik. in PerléPärelRammerechRéiden9. Mai 18502junge Wölfe
Harlé Nik. in GonderingenRoudemerJonglënsterGréiwemaacher13. Mai 18502junge Wölfe
Munsbach Anton in MensdorfRoudemerJonglënsterGréiwemaacher13. Mai 18501junger Wolf
Schiltz Johann, Privatförster in OberkerschenSuessemSuessemEsch-Uelzecht26. Jan. 18511Wolf
Koch Franz in KonsthumKonstemParc HousenClierf28. Jan. 18511Wölfin
Haler Michel in BrandenburgBranebuergTandelVeianen14. Feb. 18511Wolf
Scheck Johann in BondorfBungerefRammerechRéiden17. April 18518Nestwölfe
Schaack El. in WinselerWanselerWanselerWolz30. Mai 18517Nestwölfe
Faber-Knepper, Gerber in WiltzWanselerWanselerWolz20. Nov. 18511Wolf
Steffen J.P. in Esch a. d. Alz.Esch-UelzechtEsch-UelzechtEsch-Uelzecht24. Nov. 18511Wolf
Heinrich Fr. in PetingenPéitingPéitengEsch-Uelzecht11. Dez. 18511Wölfin
Neu Nik. in BuderscheidBidschtGéisdrefWolz5. Mai 18522junge Wölfe
Gerard J. B. in CessingenReckenMierschMiersch22. Feb 18531Wölfin
Bertemes Johann, Hirt in PerléPärelRammerechRéiden28. Dez. 18531Wölfin
Geib Fr. in HarlingenHarelStauséigemengWolz22. Dez. 18541Wolf
Lentz Peter in Weiler z. Th.Weiler zum TuerWeiler zum TuerLëtzebuerg5. Dez. 18561Wolf
Goedert Gust. in LannenLannenRéiden op der AtertRéiden30. Jan. 18571Wolf
Reisdorf Johann in ZolverZolwerSuessemEsch-Uelzecht6. Aug. 18571Wolf
Kraus Joh., Förster in BurglinsterBuerglënster (Elgert.)JonglënsterGréiwemaacher3. Feb. 18581Wölfin
Metz Jul., Advokat in LuxemburgLeidelengLeidelengEsch-Uelzecht7. März 18581Wolf
Lorang Johann in SyrenSirenWeiler zum TuerLëtzebuerg12. März 18591Wölfin
Mayonnette Ph. in Roodt (Ell)RuedEllRéiden11. Jan. 18601Wölfin
Schaul Ph. in BoxhornAasselbuerWëntgerClierf18. Feb. 18601Wolf
Arend G., Grenzaufseher in WiltzHolzRammerechRéiden2. Aug. 18601Wölfin
Demuth Bernard in HoltzHolzRammerechRéiden19. Nov. 18601Wölfin
Delles Ph. In MensdorfMensterBetzderGréiwemaacher21. Jan. 18611Wolf
Diederich Nik. in FrisingenFréisengFréisengEsch-Uelzecht21. Sept. 18611Wolf
Kraus Joh., Förster in BurglinsterBuerglënsterJonglënsterGréiwemaacher5. Jan. 18621Wölfin
de Wacquant L. Aug. in FoetzRecken (Essenbusch)MierschMiersch23. Jan. 18621Wolf
Molitor J. P., Gehilfsförster in PeppingenRéiserRéiserEsch-Uelzecht31. Mai 18621Wolf
Schlitz Joh., Vater u. Sohn, Privatförster in OberkerschenSuessemSuessemEsch-Uelzecht6. Oktob. 18622Wölfe
Beissel J., Gastwirt in OberkerschenUewerkäerjeng (Köppchen)KäerjengCapellen3. Nov. 18622Wölfe
Werner Peter, Müller in NiederkornUewerkäerjeng (Köppchen)KäerjengCapellen3. Nov. 18621Wolf
Dogé Fr., Gutsverwalter in BetzdorfOuljenBetzderGréiwemaacher7. Nov. 18621Wolf
Kinnen Th. in WydigerhofOuljen (Hardt)BetzderGréiwemaacher11. Nov. 18621Wolf
Kayser J. P., Privatförster in SteinbrückenMonnerechMonnerechEsch-Uelzecht15. Sept. 18621Wölfin
Strauss H., Müller in SimmernSimmer (Hobscheiterheck)HabschtCapellen2. Dez. 18621Wolf
Durst Johann, Gehilfsförster in BissenSimmer (Grossenbusch)HabschtCapellen30. Dez. 18621Wolf
Dondelinger Jos., Gastwirt in LintgenLëntgenLëntgenMiersch27. Jan. 18631Wölfin
Stomp Th. u. Hansen Jos. in BrouchRecken (Mandelbach)MierschMiersch27. Mai. 18638Nestwölfe
Wolff J. P.. Sohn in SprinkingenSprénkengDippechCapellen1. Okt. 18631Wölfin
Baldauff H. in EchternachUesweller (Grossenbusch)Rouspert-MompechIechternach3. Nov. 18631Wolf
Krisch Wilh., Knecht, Wiltzermühle (Mamer)Mamer (bei d. Mühle)MamerCapellen15. Nov. 18631Wolf
Heiardt Nikolas, Jagdhüter in BettemburgBiergemMonnerechEsch-Uelzecht27. Nov. 18631Wölfin
Metz Norbert, Hüttenherr in EichBiwerBiwerGréiwemaacher17. Dez. 18631Wolf
Baldauff H., Kauffmann in EchternachHierber (Schlammeweg)Rouspert-MompechIechternach23. Dez. 18631Wolf
Durst Math., Privatförster in BissenBiissen (Dellenberg)BiissenMiersch31. Dez. 18631Wolf
Demuyser J. P., Forstaccessist in EchternachIechternachIechternachIechternach31. Jan. 18641Wölfin
Baldauff H. Kauffmann in EchternachIechternachIechternachIechternach31. Jan. 18641Wölfin
Nothomb Alf. In PetingenUewerkäerjengKäerjengCapellen26. Sept. 18641Wolf
Nothomb Pol, Sohn, in PetingenUewerkäerjengKäerjengCapellen26. Sept. 18641Wolf
Beissel Joh. in NiederkerschenUewerkäerjengKäerjengCapellen26. Sept. 18641Wolf
Schumacher Gust. in DippachUewerkäerjengKäerjengCapellen26. Sept. 18641Wolf
Blonding Jak. in OberkerschenUewerkäerjengKäerjengCapellen7. Okt. 18642Wölfe
Franck Wilhelm, Gastwirt in KüntzigUewerkäerjengKäerjengCapellen7. Okt. 18642Wölfe
Praus J. A. Gerichtsschreiber in EchternachHierberRouspert-MompechIechternach3. Nov. 18641Wolf
Dondelinger Jos., Gastwirt in LintgenLëntgenLëntgenMiersch18. Jan. 18651Wölfin
Schleich Nik. Jos. in DahlemDippechDippechCapellen20. Jan. 18651Wölfin
Schleich J. B, in DahlemDippechDippechCapellen22. Jan. 18651Wolf
Beissel J., Gastwirt in NiederkerschenUewerkäerjengKäerjengCapellen25. Jan. 18651Wolf
Schroeder Michel in RambrouchHolzRammerechRéiden20. Juni 18651junger Wolf
Hoppesch J. P. in RambrouchHolzRammerechRéiden20. Juni 18651junger Wolf
Metz Norbert u. Emil, Hüttenherren in EichBiwerBiwerGréiwemaacher17. Nov. 18653Wölfe
Baron de Tornaco in SassenheimZolwer (Hunnenbusch)SuessemEsch-Uelzecht27. Dez. 18651Wölfin
Stoltz Mathias im KahlochenerhofKalscheierhaffKopleschtCapellen4. Jan. 18661Wolf
von Heemsheck, Oberst-Kommandant in EchternachIechternach (Irreltgen)IechternachIechternach10. Jan. 18661Wölfin
Wagner Anna, Ehefrau Jak. Tempel in KeispeltKeespelterbëschKielenCapellen10. Mai. 18666Nestwölfe
Baron von Tornaco in SassenheimSuessem (Grossenbusch)SuessemEsch-Uelzecht19. Nov. 18661Wolf
Kraus Joh., Privatförster in BurglinsterBuerglënsterJonglënsterGréiwemaacher1. Jan. 18671Wolf
Röhling Hubert, Jagdhüter in AnsemburgSëllSëllRéiden26. Jan. 18671Wolf
Namur Ernest Agronom in EchternachHierberRouspert-MompechIechternach21 u. 22. Jan. 18672Wölfe
Jacoby Peter, Förster in SenningenNidderaanwenNidderaanwenLëtzebuerg17 u. 22. Jan. 18673Wölfinnen
Schmitt Nik., Hirt in BurglinsterBuerglënsterJonglënsterGréiwemaacher18. Feb. 18671Wölfin
Graf von Ansemburg GastonHuelmesHelperknappMiersch5. Sept. 18671Wolf
Keusch Jak. Privatförster in SimmernSimmerHabschtCapellen18. Okt. 18671Wolf
Dondelinger Michel, Bauconducteur in EchternachHierberRouspert-MompechIechternach3. Nov. 18671Wolf
Angelsberg Johann, Notar in FeulenHierberRouspert-MompechIechternach3. Nov. 18671Wolf
Nothumb Alf. in PetingenRodangePéitengEsch-Uelzecht9. Nov. 18671Wolf
Speller, Leutnant-Adjutant in LuxemburgLeidelengLeidelengEsch-Uelzecht20. Nov. 18671Wölfin
Röhling Hub., Jagdhüter in AnsemburgRuedEllRéiden29. Nov. 18671Wolf
Fuhrmann Ant., Förster in GoetzingenKäerchKäerchCapellen7. Dez. 18671Wölfin
Gloutin Melch. in RodingenRodangePéitengEsch-Uelzecht7. Dez. 18671Wolf
Klein Nik. in SprinkingenSprénkengDippechCapellen11. Dez. 18671Wölfin
Grotia Nik. in KüntzigKënzegKäerjengCapellen16. Dez. 18671Wolf
Lamort Jul., Industrielle in ManternachBiwerBiwerGréiwemaacher30. Dez. 18671Wölfin
Ury Paul in SyrenSirenWeiler zum TuerLëtzebuerg31. Dez. 18671Wolf
Ellis Eduard auf HöhenhofMutfertConterLëtzebuerg5. Jan. 18681Wolf
Fischer Ad. Bürgermeister in CessingenMutfertConterLëtzebuerg5. Jan. 18681Wolf
Weisgerber Joh. u. Kons. in HolzemHolzemMamerCapellen6. Jan. 18681Wölfin
Klepper Fr., Förster in DüdelingenDiddelengDiddelengEsch-Uelzecht7. Jan. 18681Wolf
Heinrich Fr. Forstbrigadier in PetingenPéiting (Kebelzack)PéitengEsch-Uelzecht8. Jan. 18681Wolf
Ury Paul in SyrenSiren (Ahlen Weiher)Weiler zum TuerLëtzebuerg11. Jan. 18681Wolf
Koch J. P. in SchengenWëntrengSchengenRéimech13. Jan. 18681Wölfin
Keusch Jak., Privatförster in SimmernSimmerHabschtCapellen14. Jan. 18681Wölfin
Siebenberger Joh., Gärtner in SchengenSchengenSchengenRéimech5. März 18681Wolf
Jeanty Peter in OberpallenBiekerechBiekerechRéiden25. Aug. 18681Wölfin
Baron von Tornaco in SassenheimSuessemSuessemEsch-Uelzecht4. Okt. 18681Wolf
Dondelinger Michel. Bauconducteur in EchternachIechternachIechternachIechternach10. Dez. 18681Wolf
Hanff Felix, Agronom in EchternachIechternachIechternachIechternach10. Dez. 18681Wolf
Baldauff H. in EchternachIechternachIechternachIechternach27. Jan. 18691Wolf
Hemmer Ed., Notarkandidat in KoerichGiewel (Scheuerheck)KäerchCapellen4. März 18691Wolf
Mersch Michel, Sohn, Gerber in SimmernSimmer (Grossenbusch)HabschtCapellen16. März 18691Wölfin
Kremer Peter, Verwalter in BerburgBiwer (Senfen)BiwerGréiwemaacherFebruar 18691Wölfin
Goschet Michel in ConsthumKonstemParc HousenClierf6. Mai 18691Wolf
Hans Ernst, Förster in BiwerManternach (Grossenbusch)ManternachGréiwemaacher20. Aug. 18691Wölfin
Hans Ernst, Förster in BiwerBiwer (Wolfsloch)BiwerGréiwemaacher28. Okt. 18691Wölfin
Lux Peter in GoetzingenGiewel (Seitert)KäerchCapellen6. Dez. 18691Wölfin
Flammant J. P. in JunglinsterJonglënsterJonglënsterGréiwemaacher8. Dez. 18691Wolf
Baron de LoëSimmerHabschtCapellen13. Dez. 18691Wolf
Greten Nik. in Reckingen a. d. M.Recken (Schimberg)MierschMiersch21. Dez. 18691Wölfin
Kremer Peter, Verwalter in BerburgBerbuerg (Grossenbusch)ManternachGréiwemaacher24. Dez. 18691Wölfin
Raty Narciss in LasauvageNidderkuerDéifferdengEsch-Uelzecht25. Dez. 18691Wölfin
Dutreux Nik., Geometer in MerschReckenMierschMierschDez. 18691Wölfin
Grün Johann in CanachKanechLennengRéimechDez. 18691Wolf
Dieser Wolf wurde mit der Axt erschlagen
Fischer Aug., Gerber in Luxbg.LeidelengLeidelengEsch-Uelzecht23. Jan. 18701Wölfin
Faber Georg, Oberförster in MerschMamerMamerCapellen8. Febr. 18701Wolf
Kremer Peter, Verwalter in BerburgBerbuerg (Grossenbusch)ManternachGréiwemaacher9. Febr. 18701Wolf
Brimeyer Johann, Privatförster in SchoenfelsSchëndels (Goerensbusch)MierschMiersch9. Febr. 18701Wölfin
Röhling Hubert, Jagdhüter in AnsemburgRecken (Blumsbusch)MierschMiersch15. Febr. 18701Wolf
Bouchet Jakob, Privatförster in DifferdingenDéifferdengDéifferdengEsch-Uelzecht15. Febr. 18701Wolf
Bouchet Jakob, Privatförster in DifferdingenDéifferdengDéifferdengEsch-Uelzecht20. Febr 18701Wölfin
Baldauff H., Kaufmann in EchternachIechternachIechternachIechternach23. Febr. 18701Wölfin
Zimmer Nik., Eigent. in EchternachIechternachIechternachIechternach23. Febr. 18701Wölfin
Knepper Eug., Tierarzt in EchternachIechternachIechternachIechternach23. Febr. 18701Wolf
Baron von FürstenbergTëntenHelperknappMiersch25. Febr. 18701Wölfin
Baron von Tornaco u. Kons. in SassenheimSuessem a NidderkäerjengSuessemEsch-Uelzecht? Dez. 18703Wölfe
Fischer Bernard in DippachDippechDippechCapellen6. Dez. 18701Wolf
Kremer Johann in RoedgenBartrengBartrengLëtzebuerg9. Dez. 18701Wolf
Dondelinger Michel, Bauconducteur in EchternachIechternachIechternachIechternach8. Febr. 18711Wölfin
Kayser J. B., Förster in SteinbrückenBiergem (Seitert)MonnerechEsch-Uelzecht9. Sept. 18711Wölfin
de Wacqant in FoetzRecken (Scheuerbusch)MierschMiersch10. Dez. 18711Wolf
Baron von Tornaco in SanemSuessem (Grossenb.)SuessemEsch-Uelzecht11. Dez. 18711Wolf
Wester J. C., Gerber in Reckingen a. d. M.Recken (Kohlen)MierschMiersch10. Jan. 18721Wolf
Schumann Fr., Gerber in Reckingen a. d. M.Recken (Jungenbusch)MierschMiersch14. Jan. 18721Wolf
Wolff-Fixmer J. u. Kons. in BerburgBerbuerg (Grossenb.)ManternachGréiwemaacher5. April 18722junge Wölfe
Wolff J. B., Rentner in LuxemburgGarnechGarnechCapellen11. Sept. 18721Wolf
Hilger Fr. in BartringenBartrengBartrengLëtzebuerg8. Okt. 18721Wolf
Knepper Aug. in PissingenBiergem (Scheuerbach)MonnerechEsch-Uelzecht16. Nov. 18721Wölfin
Kettenmeyer J. N. in Reckingen a. d. M.Biergem (Scheuerbach)MonnerechEsch-Uelzecht16. Nov. 18721Wölfin
Speller, Hauptmann in LuxemburgBeetebuerg (Wald)BeetebuergEsch-Uelzecht19. Nov. 18721Wolf
Kerschen Ant. in HivingenScheierbëschKeelEsch-Uelzecht13. Febr. 18731Wölfin
Joerg J., Sekretär in MamerMamerMamerCapellen15. Febr. 18731Wolf
Kolbach Joh. in CapellenMamerMamerCapellen13. Febr. 18731Wolf
Hans Ernst, Förster in BiwerBiwerBiwerGréiwemaacher14. Juli 18731Wolf
Petry Bern, Schreiner in OlingenOuljenBetzderGréiwemaacher21. Juli 18731junger Wolf
Siebenberger Joh., Gärtner in SchengenSchengenSchengenRéimechEnde November 18731Wölfin
Seibenberger Joh., Gärtner in SchengenSchengenSchengenRéimech30. Dez. 18731Wolf
Koch J. P. in RemerschenSchengenSchengenRéimech30. Dez. 18731Wölfin
Gloden Nik., Bürgermeister in SchengenSchengenSchengenRéimech30. Dez. 18731Wolf
Hoffmann H. in BetzdorfBetzderBetzderGréiwemaacher6. Jan. 18741Wolf
Kremer Bernard in BiwerBiwerBiwerGréiwemaacher9. Jan. 18741Wolf
de la Fontaine Leo, Rentner in LuxemburgHeeschdref (Grünewald)SteeselLëtzebuerg13. Jan. 18741Wolf
Feipel N. F., Winzer in WellensteinWelleschtenSchengenRéimech24. Febr. 18741Wölfin
Sauer Leo, Einnehmer. in RemerschenRëmerschenSchengenRéimech25. Febr. 18741Wölfin
Ungeheuer, Jagdhüter in MünscheckerLellegManternachGréiwemaacher13. Juli 18742junge Wölfe
Stoffel Peter, Förster in WaldbredimusTrëntengBous-WaldbriedemesRéimech7. Febr. 18761Wölfin
Ungeheur Mich., Jagdhüter in MünscheckerBerbuerg (Grossenb.)ManternachGréiwemaacher23 Febr. 18761Wolf
Ungeheur Mich., Jagdhüter in MünscheckerHierberRouspert-MompechIechternach4. Nov. 18761Wolf
Jungblut Peter in RameldingenGréngewaldNidderaanwenLëtzebuerg31. Jan. 18771Wolf
Jungblut Nik. in RameldingenNidderaanwenNidderaanwenLëtzebuerg21. Febr. 18772Wölfinnen
Remesch Fr., Förster in BondorfBungerefRammerechRéiden23. Febr. 18771Wölfin
de Maringh Gasp., Rentner in RemichBousBous-WaldbriedemesRéimech29. Jan. 18781Wolf
Elvinger Andr., Privatförster in HelmsingenHeeschdref (Grünewald)SteeselLëtzebuerg21. Dez. 18781Wolf
Sauber Math., Hirt in Geyershof (Bech)GeyershaffBechIechternach5. Jan. 18791Wölfin
Diese Wölfin wurde in einer Falle gefangen
Jungblut Peter, Privatförster in RameldingenNidderaanwen (Grünewald)NidderaanwenLëtzebuerg6. u. 21. Febr. 18792Wölfe
Müller Joh. in ZittigBechBechIechternach28. Febr. 18791Wolf
Metz Em., Hüttenherr in Beggen u. Muller Hub., Hüttenherr in Esch a. d. A.Betzder a BiwerBetzderGréiwemaacher23. Okt. 18795Wölfe
Jungblut Peter, Privatförster in RameldingenNidderaanwen (Grünewald)NidderaanwenLëtzebuerg8. Dez. 18791Wölfin
Gretsch Jos. in RemichGreiweldeng (Mesbusch)StadbriedemesRéimech8. Jan. 18801Wölfin
Müller Hub. Industr. in Esch a. d. A.Ouljen (Stockbusch)BetzderGréiwemaacher4. Nov. 18801Wölfin
Heuschling Nik., Förster in Itzig u. Belgrad Joh., Feldhüter in ItzigHesperHesperLëtzebuerg22. Dez. 18801Wölfin
Bisdorff Joh., Gehilfsförster in KapenackerWuermer (Kreuzbusch)WuermerGréiwemaacher4. Febr. 18811Wolf
Schneider Joh. in AlzingenAlzengHesperLëtzebuerg16. Sept. 18811Wolf
de la Fontaine Th., Rentner in LuxemburgBetzderBetzderGréiwemaacher8. Nov. 18822Wölfinnen
Mertzig Johann in BreinertBiwer (Ronkenberg)BiwerGréiwemaacher10. Dez. 18821Wolf
Lamort Eug. in ManternachBerbuerg (Grossenb.)ManternachGréiwemaacher15. Dez. 18821Wölfin
de la Fontaine Th., Rentner in LuxemburgBiwer (Frohn)BiwerGréiwemaacher23. Dez. 18821Wölfin
Witry Michel in StrassenRollengergronn (Baumbusch)LëtzebuergLëtzebuerg12. März 18831Wolf
Sauber Math., Hirt in Goyershof (Bech)GeyershaffBechIechternach16. März 18831Wolf
de la Fontaine Th. in LuxemburgBiwerbëschBiwerGréiwemaacher8. Juli 18831Wölfin
Wolff Ed., Untersuchungsrichter in LuxemburgOuljen (Kiem)BetzderGréiwemaacher24. April 1903 (sic)1Wolf

An der Tabell sinn am Ganzen 242 Déieren opgezielt: 121 Wëllef, 72 Wëllefinnen, 20 jonk Wëllef an 29 Naschtwëllef. Ënner engem Naschtwollef huet een e jonke Wollef verstanen, deen nach am Bau gelieft huet an nach net selbststänneg war. Well Naschtwëllef nëmmen do virkommen, wou sech e Ruddel etabléiert an eng Nozuucht huet, gëllt hiren Noweis gläichzäiteg als Beweis dofir, datt sech an där Géigend e Wollefsruddel niddergelooss hat, dat sech reproduzéiert hat.

1893 koum en neit Reglement, dat d'Montanten d'selwecht gelooss huet mä déi administrativ Formalitéiten genee festgeluecht huet. D'Primm gouf nëmmen op Basis vun engem Certificat vum Buergermeeschter ausbezuelt. Dëse Certificat huet misse bestätegen, datt de Wollef an der jeeweileger Gemeng erluecht gouf an datt a Presenz vum Buergermeeschter eng Zéif vun der rietser viischter Patt ofgeschnidde gouf. Dës Moossnam sollt alt erëm Mëssbrauch verhënneren an ausschléissen, datt dat selwecht Déier méi wéi eng Kéier fir eng Primm presentéiert gouf.[9]

Kanton Zuel
Capellen42
Clierf8
Dikrech2
Esch-Uelzecht32
Gréiwemaacher44
Iechternach21
Lëtzebuerg22
Miersch22
Réiden24
Réimech12
Veianen1
Wolz12

Déi regional Opstellung vun de Fäll weist, datt d'Erleeë vun de Wëllef net gläichméisseg iwwer d'Land verdeelt war an datt am Éislek déi mannst Déieren erluecht goufen. Eng méiglech Erklärung dofir wier, datt am Norden haaptsächlech Louhecke ugeplanzt waren. Dës Bëscher goufen deemools intensiv genotzt an all 20 bis 25 Joer ëmgeschnidden sou datt et am Éislek wéineg al, zoue Bëscher, mee virun allem Jéngte stoungen.

Laang Zäit ass ugeholl ginn, datt de leschte Wollef zu Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1893 am Ouljer Bësch beim "Kiem" vum Édouard Wolff erschoss gouf.[10] Nei Erkenntnesser weisen, datt och nach méi spéit Wëllef zu Lëtzebuerg opgetruede sinn. Den 20. Februar 1895 gouf e Wollef an der Géigend vu Schëndels, deen an eng Fal gerode war, erschoss. Am Mee 1899 goufen am Gréngewald an der Ëmgéigend vun der Stad Lëtzebuerg dräi jonk Wëllef fonnt, déi vergëft Fleesch gefriess haten: zwéi waren dout, den drëtte konnt gerett ginn.[11]

Am Éischte Weltkrich sinn nees Wëllef zu Lëtzebuerg gemellt ginn: am November-Dezember 1914 bei Uespelt a bei Ënsber, am Januar-Februar 1917 an der Dikrecher Géigend an dono e bëssen iwwerall am Land. Ob et sech wierklech ëm Wëllef oder nëmmen ëm grouss Hënn gehandelt huet, léisst sech nodréiglech net vu Fall zu Fall klären.[11][12]

Den 28. Februar 1920 gouf am Bësch tëscht Bierg (Gemeng Betzder) a Buchholz (Gemeng Fluessweiler) e Wollef, deen an eng Fal gerode war, vum Fieschter vum Schlass Bierg, erschoss. Zwee Fachleit aus der Forstverwaltung an de Staatsveterinär Emile Moutrier hunn d'Déier ënnersicht an et als Wollef identifizéiert.[11]

Dono blouf et gutt 90 Joer roueg ëm d'Déier.

Nei Presenz vum Wollef zanter den 2010er Joren

[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 2011 gouf an der Gemeng Gedinne, an der Provënz Namouer, fir d'éischt zanter 110 Joer, nees e Wollef an der Belsch gesinn.[13] Am Februar 2014 gouf op e puer Plazen am Museldepartement, bei Lorquin respektiv bei Walscheid, een (oder méi) Exemplare gesinn.[14] Well net méi auszeschléisse wier, datt en och zu Lëtzebuerg nees opdauche kéint,[15][16] huet de Staatssekretär fir Ëmwelt Camille Gira 2017 en Aktiounsplang virgestallt, wat ze maachen ass, wann et sou wäit wier.[17] Doropshi sinn d'Modalitéite vun den Entschiedegunge festgeluecht ginn. Wann e Wollef d'Véi vun engem Bauer blesséiert oder ëmbréngt, iwwerhëlt de Staat d'Käschten. D'Naturverwaltung iwwerpréift d'Situatioun op der Plaz an hëlt DNA-Prouwe fir ze beweisen, ob de Wollef de Schëllege war. Ass dëse Beweis sécher, gëtt de Schued, dee vum Service de la production animale vun der ASTA berechent gouf un de Proprietär ausbezuelt. Falls d'Déieren den Ugrëff iwwerlieft hunn awer blesséiert goufen, bezuelt de Staat zousätzlech all d'Käschten déi beim Véidokter fir d'Behandlung entstinn. Ass de Beweis net sécher, a wann de Wollef awer net als Ursaach ausgeschloss ka ginn, da gëtt de Schued nach zu 75 Prozent rembourséiert. Dat selwecht gëllt och fir den Hierdenhond oder de Juegdhond, wann se vun engem Wollef blesséiert oder erbass goufen. Et gëtt och Subventioune fir preventiv Moossnamen, wéi zum Beispill d'Opstelle vun elektreschen Zénk, vu Maschendrot oder och d'Uschafe vun engem speziell ausgebilten Hierdenhond.[18]

Am Juli 2017 hat e Leidelenger Bauer en Déier fotograféiere kënnen, dat mat grousser Warscheinlechkeet e Wollef war.[19]

Am September 2017 huet eng DNA-Analys bestätegt, datt et ee Wollef war, deen e puer Woche virdrun aacht Schof tëscht Garnech an Holzem gerass hat. Dëse Wollef koum aus enger Populatioun, déi hir Verbreedung an den italieeneschen a franséischen Alpen huet an déi och schonn an de Vogesen, a Loutrengen an a Rheinland-Pfalz nogewise gouf.[20][21] Deemno war de Wollef no knapps 100 Joer erëm zu Lëtzebuerg ukomm.

Duerno goufen ëmmer nees Wëllef sporadesch gesinn.

Wéini Wou Originn Bemierkung Referenzen
Feb. 2018Furennogewisen
Dez. 2018Käerch-Simmernet sécher ob Wollef[22]
Abrëll. 2020ëm Nidderaanwenmëtteleuropäesch Flaachlandpopulatioun3 Schof gerass[23][24]
Summer 2021ëm d'Belsch Grenz zu Wëntger1 Schof gerass, am Wanter nogewisen[25]
Dez. 2022Raum Ëlwen1 Schof gerass, warscheinlich vun engem Wollef[26][27]
Jan. 2023Trattenmëtteleuropäesch Flaachlandpopulatioun[28]nogewisen, männlech[29]
Juli 2023Raum Léilermëtteleuropäesch Flaachlandpopulatioun1 Schof gerass, nogewisen[30]
Mëtt Aug. 2023Raum Iechternach a Beefortnet gewosst ob et dee selwechte war wéi dee vum Juli[31][32]
Abrëll 2024Bruechtebaach1 Kallef gerass, nogewisen[33]
Mëtt Dez. 2024Raum Dol2 Schof gerass, nogewise vun engem weibliche Wollef, deen an Holland am Ruddel "Zuidwest-Veluwe" gebuer, an am Oktober 2023 fir d'éischt geneetesch erfaasst gouf.[34]
11. Abrëll 2025Raum Kiischpelt-Clierf2 x gesinn a fotograféiert[35]
Enn Feb. 2026Gemeng Wëntger5 Schof gerass an 2 blesséiert vun enger Wollefsmudder, déi schonn 2025 an Thüringen an a Rheinland-Pfalz nogewise gouf.[36]
Feb.-Mäerz 2026HengeschtEng Rei Schof vun enger anerer Wollefsmudder gerass, déi zu engem Ruddel aus der belscher Nordäifel gehéiert an deels an Däitschland, deels am Héije Venn aktiv ass.[37]

De Wollef a Mythos a Literatur

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 Commons: Canis lupus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Henryk Okarma: Der Wolf. Ökologie, Verhalten, Schutz. Parey, Berlin 1997, S. 11 ff.
  2. Massard, Jos. A., 1986. Wölfe in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1987
  3. Arrêté relatif aux battues à faire pour la destruction des loups
  4. Lieux dits
  5. Massard 1995, (an der Literatur) S. 243f.
  6. (fr) Loi du 8 janvier 1850, N°69, accordant des primes pour destruction de loups. data.legilux.public.lu (08.01.1850). Gekuckt den 12.07.2026.
  7. Säit vun der Cerabati op industrie.lu
  8. Faber, Ernest, 1908. Der Wolf, seine Lebensweise und frühere Verbreitung im Großherzogtum. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 28: 411-419.
  9. (fr) Règlement du 25 août 1893 pris en exécution de la loi sur la chasse. data.legilux.public.lu (25.08.1893). Gekuckt den 12.07.2026.
  10. Op der Gedenkplack, déi de Saint Hubert Club am Joer 1937 gestëft huet, steet fälschlecherweis, dat wier am Joer 1892 geschitt Commune de Betzdorf: Tourisme. Les sentiers. Wollefswee (download: 2.12.2008).
  11. 1 2 3 Massard 2015a.
  12. Massard 2015b.
  13. "Le loup est de retour en Belgique... après un siècle." lesoir.be, 22 September 2011, 21:41.
  14. "Ein Wolf in Lothringen?" wort.lu, 20.02.14, 11:06.
  15. Cf. Schley, L. & R. Reding, 2014. Auf dem Weg in die Grossregion: Der Wolf steht vor unserer Haustür. Regulus 4: 4-7.
  16. Question écrite n°727 - Sujet: le retour du loup en Europe. op chd.lu.
  17. Aktiouns- a Managementsplang fir den Ëmgang mat Wëllef zu Lëtzebuerg
  18. Groussherzoglecht Reglement vum 30. August 2023
  19. Sichtung in Leudelingen, Wahrscheinlich ein Wolf. wort.lu (7.7.2024). Gekuckt de 24.5.2024.
  20. Erster offizieller Wolfsnachweis in Luxemburg seit 124 Jahren (sic). Communiqué vum 1. 9. 2017
  21. Schley, L. & J. Herr, 2017. Erster Wolfsnachweis in Luxemburg seit 124 Jahren (sic). Cf. Literatur.
  22. "Konkreter Wolfshinweis im Westen Luxemburgs." Presscommuniqué op gouvernement.lu, 19.12.2018.
  23. "Et war e Wollef, deen Enn Abrëll 3 Schof am Raum Nidderaanwen gerass huet." rtl.lu, 13.05.2020.
  24. Hermes, S., 2020. Ein Wolf als Täter. Genetische Analysen bestätigen: Raubtier für Schafrisse im Raum Niederanven verantwortlich. Luxemburger Wort vum 14. Mai 2020, S. 24.
  25. "Die Sichtung eines Wolfs ist nachgewiesen." wort.lu, 11.01.2022.
  26. wort.lu, Totes Schaf, Mögliche Wolfsanwesenheit bei Ulflingen Archivéiert den 28.12.2022. Gekuckt den 28. 12. 2022.
  27. (de) Wolfsmanagement, SCALP-Kriterien. Gekuckt den 28. 12. 2022.
  28. Där hire Verbreedungsschwéierpunkt erstreckt sech vun der Wisła am Zentrum vu Polen bis an Niddersachsen.
  29. D'Naturverwaltung confirméiert, Am Raum Tratten war e Wollef ënnerwee. rtl.lu (15.2.2023). Gekuckt de 15. 2. 2023.
  30. Eindeutiger Wolfsnachweis im Raum Lieler. Ëmweltministère (1.8.2023). Gekuckt den 2.8.2023.
  31. Eindeutige Wolfsnachweise im Osten Luxemburgs. Ëmweltministère (22.08.2023). Gekuckt den 22.08.2023.
  32. Wollef am Oste vum Land gefilmt. rtl.lu (24.8.2023). Gekuckt de 24.8.2023.
  33. Wolfsnachweis in Brachtenbach. wort.lu (24.5.2024). Gekuckt de 24.5.2024.
  34. Wolfsweibchen im Raum Dahl – Informationsabend am 21. Januar. Naturverwaltung. Gekuckt de 16.01.2025.
  35. Wolf im Raum Kiischpelt-Klerf unterwegs gesichtet. Naturverwaltung (15.04.2025). Gekuckt de 24.04.2025.
  36. Naturverwaltung bestätigt: Wolf reißt fünf Schafe auf einer Weide im Ösling
  37. Sophie Hermes, Zwei Vorfälle in wenigen Tagen, Zweites Wolfsweibchen im Norden des Landes nachgewiesen. wort.lu [€] (23.03.2026). Gekuckt den 23.03.2026.