De Wëllefchen an de Fiisschen

Vu Wikipedia
Publikatioun vum véierte Kapitel vum Gedicht an der Luxemburger Volkszeitung am Abrëll 1894

De Wëllefchen an de Fiisschen (Original Schreifweis: De Wellefchen an de Fîschen) ass e Gedicht a fënnef Kapitelen op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891). Als Ënnertitel hat den Dicks geschriwwen: „Eng al Seechen, nei a Reime gesat“.

D'Gedicht gouf eng laang Zäit als e Jugendwierk vum Dicks duergestallt, mä et baséiert op enger Virlag vum Antoine Meyer aus dem Joer 1854.[1]

Resumé vun der Handlung[änneren | Quelltext änneren]

Am “De Wëllefchen an de Fiisschen“ verzielt den Dicks wéi de Wollef an de Fuuss sech an enger Wanternuecht begéinen a wéi den hongerege Wollef de Fuuss friesse wëll. De Fuuss réit dem Wollef awer, mat him ze kommen, dann hätt hie gläich keen Honger méi. A Wierklechkeet wëll de Fuuss de Wollef awer austricksen an e vun de Mënschen dout maache loossen.

Déi zwéi begéinen engem Fouermann dee mat senger Kar ënnerwee ass an déi voll mat iesse gelueden ass. De Fuuss leet sech queesch an de Wee a stellt sech dout. Well de Fouermann de Fuussepelz hale wëll, bleift hie stoen a gehäit de Fuuss op de Won. De Fuuss deen och hongereg war, schléit sech de Bauch voll a spréngt duerno vum Won erof. Hie réit dem Wollef, hie soll dat selwecht maachen. De Fouermann dee mëttlerweil gemierkt huet, datt en era geluecht gouf, fält net nach eng Kéier op den Trick eran an a schléit de Wollef hallef dout.

Ganz dout geschloe gëtt de Wollef um Enn vun der Geschicht am Keller vun engem Bauerenhaus, wou en net méi zur Kellerliicht erauskomm ass, well hien – anescht wéi de schlaue Fuuss – ze vill gefriess hat.

Tëschent de genannten Episoden ass nach d'Geschicht wéi déi zwéi fësche goungen an dem Wollef säi Schwanz am Äis agefruer war an hien en dunn ofgerappt huet. De Fuuss hat him doropshin e Schwanz aus Stréi geflecht, deen awer méi spéit verbrannt ass, well de Wollef ze no beim Feier souz.

Text vum Gedicht (Extrait)[änneren | Quelltext änneren]

ëmgeschriwwen an déi aktuell Lëtzebuerger Schreifweis (nom groussherzogleche Reglement vun 1999[2])

1 Wéi de Wëllefchen op d'Juegd geet an de Fiissche begéint[änneren | Quelltext änneren]

An enger kaler Wanternuecht,
't wor héije Schnéi gefall,
Du goung de Wëllefchen op d'Juegd,
E goung wuel iwwer Bierg an Dall,
E goung, ma wuer en och ass gaangen,
En huet keng Maus gefaangen.
't geet schlecht, ech hunn haut Ongléck,
Sou duecht en alt bei sech,
Well all Abléck an all Abléck,
Gouf hie méi hongereg.
Op eemol héiert en an den Hecken,
Datt eppes an de Blieder geet,
Scho steet en do, sech de Mond ze lecken,
De Wëllefchen zum Sprong bereet.
”Mä gudden Owend Komper”, rifft eng Stëmm,
”Wou fanne mir eis hei erëm!”
- ”Bass Du dat, Fiisschen, Spëtzbouf do,
”Du kënns mer grad zu Paass elo.”
”Fiisschen, Fiisschen, ech hunn näischt z'iessen,
”Fiisschen, Fiisschen, ech muss dech friessen.”
- ”Dir wäert dach net des Donners sinn,
”'t wäert dach nach soss ze friesse ginn!
”Verloosst iech duerfir fräi op mech,
”Gläich sidd der net méi hongereg.”
Sou riet de Fiisschen an en duecht:
”Waart du, mäi Wëllefchen, gëff Uecht,
”Du hues d'Gewalt, dach weess een net,
”Wie vun ons zwee nach Meeschter gëtt”.

5 Wéi de Wëllefche ma Fiissche Fleesch stiele geet. Wéi de Fiisschen entwëscht an de Wëllefchen den Doudstreech kritt.[änneren | Quelltext änneren]


“Mat Stréi muss kee bei d'Feier goen,”
Sou seet de Wollef, “et geschitt net méi.
“Deem aneren hätt et näischt gedoen,
-“Dee anere war och net vu Stréi,”
Seet drop de Fuuss. “Vergiesst nu ganz,
“Deen eefällegen, domme Schwanz,
“Keng Zäit verluer, nujee, nujee,
“A maacht iech mat mer op de Wee.”
Um zwielef Auer an der Nuecht
Du koume s endlech bei dat Haus
Do, wou de Bauer hat geschluecht.
Si spionéieren alles aus,
Si hu kee Lärem méi gehéiert,
Et huet näischt sech néierens geréiert.
Du gi se, stëll ewéi eng Maus
An hiewen d'Kellerliicht eraus,
An een nom aneren ass zum Lach
Gläich agebrach.
De Wollef deen ass bal verzéckt,
Wéi hie geroch dee feine Kascht.
En huet net laang gerascht,
En hätt gär alles ageschléckt.
De Fiisschen, dee war méi gescheit,
Déi Kellerliichtche war net weit,
Och goung en all Abléck sech miessen
Fir keen ze décke Bauch sech z’iessen.
De Wollef, dee vergësst
Ganz wou a war a frësst a frësst.
Rappt hei eng Fatz, räisst do e Stéck
A stéisst a sengem Ongeschéck
D'Briet ëm, wou d'Mëllechdëppe stinn.
Dunn ass et esou e Spektakel ginn,
Datt alles an dem Haus erwächt,
Jëss, jëss, lo geet et schlecht!
De Fiisschen duecht, “nun ass et Zäit”,
A spréngt zur Liichtche fort an d'Fräit.
De Wollef wollt nun och eraus,
E war ze déck! E koum net aus!
En ziddert wéi en Espelaf.
Nu stiermt zur Kellerdier eran
E ganze Mënschenhaf,
D'Mod hat en decke Feierbrand,
An d'Fra de Bléiser an der Hand,
De Kniecht deen hat en ale Greef,
De Mann e Flënt mat raschteg Leef.
A siwe Kanner hannen no
Mat Ueweschëppen, Uewenzaangen,
A laange Staangen!
D'ganz Klëppelsarméi déi war do.
De Wollef huet sech dran erginn...
Kaum huet de Mann säin Déif gesinn,
Du leeft en eenzock op e lass
A schléit deen uergen, domme Wollef
Mausdout mat sengem Flëntekollef.
Sou geet et, wann ee Gurmang ass!
De Fiissche leeft nach fräi a frësch
An ouni Angscht bis haut am Bësch.
Déi aner Wëllef hu sech déi
Geschichtchen iwwerluecht,
An duerfir geet kee Wollef méi,
Mat engem Fuuss op d'Juegd.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • “De Wellefchen an de Fîschen: Êng al Séchen, nei a Reimen gesât” an der Luxemburger Volkszeitung, Abrëll 1894
  • “De Wöllefchen an de Fiisschen an deer neier Schreiwweis”, Déifferdanger Volleksbildungsveräin, 1973
  • “Gesamtwierk / Dicks (Edmond de la Fontaine)”, zesummegestalt vum Carlo Hury, Éditions J.-K. Krippler-Muller, 1981
  • “Über die Entstehung des Dicksschen Epos 'De Wëllefchen an de Fiischen': zum 175. Geburtstag Edmond de la Fontaines”, an: Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 1998, Nr 4, S. 79-104
  • “De Wellefchen mam Fischen”, an: “E Buch am Zuch = En train de lire = Lesen in einem Zug”, Centre national de littérature, Miersch, 2011, S. 114-115

Audio[änneren | Quelltext änneren]

  • De Léon MOULIN erzielt d'Geschichtercher: "De Wollet an d'siwe Geessen-Zeckelcher", "De Krich teschend den Hee-Sprenger an de Goldkirwerléken", "De Wöllefchen an de Fiiss'chen" vum Dicks. Musek vum J. P. Kemmer. Edy Noël, Luxembourg, 1963, M 507.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Autorenlexikon
  2. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise Mémorial A n° 112: 2040-2048, 11.08.1999.