Hënn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hënn
Canis latrans

Canis latrans
Canis latrans
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Hondsdéieren
Wëssenschaftlechen Numm
Canidae
Fischer 1817
Ënnerfamilljen a Stämm

Caninae

D'Hënn (Canidae) sinn eng Famill bannent der Iwwerfamill vun den Hondsdéieren. Heizou gehéieren z. B. d'Fiiss, verschidden als "Schakal" bezeechent Aarten, Kojoten, Wëllef an Haushënn. Et gëtt am Ganze 35 Aarten aus der Famill vun den Hënn.

Anatomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Hënn hu bal all laang Kiferen, spatz Oueren an e Schwanz, mä am Kierperbau am Allgemenge gëtt et vill Ënnerscheeder.

D'Canidae hu véier Zéiwen un den hënneschte Patte sou wéi véier (Lycaon) oder fënnef (Canis, Cyon, Icticyon, Otocyon) un de fiischte Patten.

Caniden hunn och gréisstendeels 42 Zänn. Op all Säit sinn jeeweils véier Premolaren (fiischt Bakzänn) uewen an ënnen, sou wéi zwéi Molaren (Bakzänn) uewen an dräi Molaren ënnen.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

Si sinn op alle Kontinenter vertrueden; ursprénglech hu s'an Australien, Neiséiland, Neuguinea, Madagaskar an an der Antarktis gefeelt, mä och do si se duerch de Mënsch a ville vun deene Regiounen erabruecht ginn.

Hënn sinn am Oligozen vun Nordamerika entstanen. Et waren deemools kleng Déieren, déi de Fiiss geglach hunn, an nach hir Krallen anzéie konnten.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt Ënnerscheeder am Sozial- an am Juegdverhalen tëscht deene verschiddenen Aarten.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Canidae – Biller, Videoen oder Audiodateien