Op den Inhalt sprangen

Marderhond

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marderhond
E Marderhond

E Marderhond
E Marderhond
Aner Sproochen: fr: chien viverrin
de: Marderhund, Tanuki
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren (Mammalia)
Uerdnung: Raubdéieren (Carnivora)
Famill: Hënn (Canidae)
Ënnerfamill: Caninae
Gattung: Nyctereutes
Wëssenschaftlechen Numm
Nyctereutes procyonoides
(Gray, 1834)

De Marderhond (Nyctereutes procyonoides), och heiansdo als Tanuki ernimmt, ass déi eenzeg lieweg[1] Raubdéierenaart aus der Gattung Nyctereutes (Marderhënn) bannent der Famill vun den Hënn (Canidae). Dat originellt Verbreedungsgebitt vum Marderhond läit a China, Japan, Russland, Nordkorea, Südkorea, an der Mongolei an am Vietnam. Se liewe gewéinlech a Biergbëscher.

Tëscht 1929 an 1955 goufe knapps 9.000 Marderhënn fir Juegdzwecker am europäeschen Deel vu Russland an an der Ukrain ausgesat. Vun do aus hu se sech séier a Richtung Weste verbreet.[2]. D'Aart ass an der EU als invasiv klassifizéiert[3]. Den 3. Februar 2021 gouf en eng éischt Kéier zu Lëtzebuerg, am Raum Beetebuerg, nogewisenn.[4]

Vum Kapp bis un den Hënner gi se 66–80 cm laang a se hunn e Schwanz dee 15–25 cm laang ass. D'Gewiicht ass tëscht 4–6 kg (am Summer) oder tëscht 6–10 kg (am Wanter). An der Wanterzäit halen d'Marderhënn aus dem Nordareal eng kuerz Wanterrou[5].

Et gëtt fënnef Ënneraarte vum Nyctereutes procyonoides[6].

De Marderhond gëtt a Japan "Tanuki" (狸 / タヌキ) oder "Bake Danuki" (化け狸 / ばけだぬき) genannt. Den Tanuki ass e bekannte Personnage vun der japanescher Mythologie. Et ass eng Kreatur mat positiver Konnotatioun, déi gewéinlech als Hengeyōkai (Metamorph) representéiert gëtt[7],[8].

Commons: Marderhënn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Archive copy Archivéiert de(n) 2020-06-06. Gekuckt de(n) 2017-08-07.
  2. http://www.iucnredlist.org/details/14925/0
  3. Archive copy Archivéiert de(n) 2017-06-25. Gekuckt de(n) 2017-08-07.
  4. "Marderhond fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg nogewise ginn." rtl.lu, 08.02.2021.
  5. Archive copy Archivéiert de(n) 2013-04-07. Gekuckt de(n) 2017-07-30.
  6. Guillaume de Lavigne. Free Ranging Dogs - Stray, Feral or Wild? – Lulu Press, 2015 – ISBN 978-1-326-21952-9
  7. http://www.lemonde.fr/cinema/article/2006/01/17/le-tanuki-canide-support-de-legendes-populaires_731601_3476.html
  8. Archive copy Archivéiert de(n) 2011-02-24. Gekuckt de(n) 2011-02-24.