Emile Moutrier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Emile Moutrier, gebuer den 29. Juni 1880 zu Mamer a gestuerwen de 4. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Veterinär.[1]

Hien huet zu Zürich Déieremedezin studéiert. Nodeems hien de 6. Mee 1907 säi leschten Exame gepackt hat, huet hie sech nach am selwechte Joer zu Gréiwemaacher als Veterinär etabléiert.[1] Den 9. Juli 1915 ass hie provisoresch fir dräi Joer Staatsveterinär fir de Kanton Gréiwemaacher ginn; seng definitiv Ernennung krut hien de 5. Juli 1918.[2]

Vun 1921 bis 1945 war hien och nach inspecteur de viandes am Maacher Schluechthaus.[1]

Wéi am Februar 1920 am Bësch tëscht Bierg (Gemeng Betzder) a Buchholz (Gemeng Fluessweller) e Wollef erluecht ginn ass, huet den Emile Moutrier d'Déier ënnersicht a souguer eng Autopsie gemaach a sengersäits konfirméiert, datt et sech wierklech ëm e Wollef an net ëm e Wollefshond gehandelt huet.[2]

D'Obermosel-Zeitung huet de 7. Oktober 1946 e klengen Noruff op den Emile Moutrier publizéiert an u seng Zäit zu Gréiwemaacher erënnert.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2015. Der Mythos vom letzten Wolf in Luxemburg. Der 1893 bei Olingen erlegte Wolf war nicht der letzte. Wölfe traten noch viel später als bisher angenommen in Luxemburg auf. – Erweiterte Online-Version einer im November 2015 im “Lëtzebuerger Journal” (Nr. 258-260) veröffentlichten dreiteiligen Serie. [1]
  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Theves 1991, S. 254.
  2. 2,0 2,1 Massard 2015, Online-Version.
  3. Obermosel-Zeitung 1946-10-07: 3, Nr. 228 (Emile Moutrier †) (zitéiert bei Massard 2015, Online-Version).