Spackelter

Vu Wikipedia

Spackelter ass d'Fruucht vun der Heckerous, an och vun aneren Zorte wëll Rousen. Net ze verwiessele mat Mullebutzen, de Friichte vum Hodar. Spackelter gëtt gär aus Spaass vu Kanner benotzt, déi se aneren ënner d'Gezei stiechen, mat dem selwechten Effekt wéi Juckpolver. Spackelter kann awer och méi seriö zu Téi oder Gebeess verschafft ginn.

Spackelter op engem Trausch vu Rosa rugosa

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rose hips – Biller, Videoen oder Audiodateien