Luxemburger Zeitung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Luxemburger Zeitung déi tëscht 1868 an 1941 erauskoum. Fir aner Zeitunge mat deem Numm, kuckt wgl. Luxemburger Zeitung (Homonymie).
Luxemburger Zeitung


D'Luxemburger Zeitung war eng liberal däitschsproocheg Dageszeitung, déi tëscht dem 9. Mäerz 1868 an dem 29. September 1941 zu Lëtzebuerg 6 Deeg an der Woch erauskoum.[1] Et war den Nofollger vum franséischsproochege Courrier du Grand-Duché de Luxembourg, deen 3 Deeg virdrun opgehalen hat.

Editeur an Drécker war den Théophile Schroell. D'Zeitung koum vum 1. Januar 1902 bis de 14. Mee 1940 als éischt Zeitung zu Lëtzebuerg, zweemol am Dag, moies an owes, eraus.[1] Ënner der däitscher Besatzung ass si bis den 30. September 1941 erauskomm.[2]

D'Luxemburger Zeitung gëllt als eng vun de bedeitendsten Zeitunge vun der Lëtzebuerger Pressegeschicht. 1893 gouf de Batty Weber Chef- a Feuilletonredakteur. Vun 1913 bis 1940 huet hien ë. a. 7.055 Glossen, Abreißkalender genannt, geschriwwen.[1] Well d'Luxemburger Zeitung am Sträit ëm d'Schoulgesetz vun 1912 fir d'Reforme Stellung geholl hat, huet de Bistum verbueden, d'Zeitung ze liesen. Si koum doropshin a finanziell Schwieregkeeten a gouf 1922 vun enger Grupp ëm den Emile Mayrisch, dem Generaldirekter vun der Arbed, opkaf. De Batty Weber huet sech doropshin aus dem politeschen Deel zeréckgezunn an neie Chefredakter gouf de Jean-Pierre Robert. Dem Mayrisch säin Nofollger Aloyse Meyer huet no 1933 opgepasst, datt d'Zeitung näischt schreiwe géif, wat Däitschland net passe kéint. De Chefredakter Robert war dofir dee richtege Mann; d'Luxemburger Zeitung war déi eenzeg lëtzebuergesch Zeitung déi net, nodeems den Hitler un d'Muecht komm war, an Däitschland verbuede gi war. De Robert huet och nom däitschen Iwwerfall 1940 d'Luxemburger Zeitung weidergefouert, déi e ganz op eng nazitrei Linn bruecht huet.[2]

Enn September koum déi lescht Nummer eraus, an de Jean-Pierre Robert ass bei d'Luxemburger Wort als Redakter schaffe gaangen.

Aus Versich[Wien?], d'Zeitung nom Zweete Weltkrich nees nei ze lancéieren, ass näischt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704-2004. Luxemburg, SIP, 2004, S.107.
  2. 2,0 2,1 Henri Wehenkel: "L'homme du juste milieu." d'Lëtzebuerger Land Nr.37, 12. September 2014, S.12-13.