Abreißkalender (Batty Weber)

Vu Wikipedia

Abreißkalender war den Numm vun engem Feuilleton, deen de Batty Weber tëscht dem 25. September 1913 an dem 17. Dezember 1940 (bal) all Dag an der Luxemburger Zeitung publizéiert huet.

Et handelt sech ëm iwwer 7.000 Texter, déi sech mat Aspekter vun der sozialer, kënschtlerescher, wirtschaftlecher, politescher an intellektueller Realitéit zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus befaasst hunn.[1]

Receptioun[änneren | Quelltext änneren]

An den 1970er Joren hunn d'Nationalarchiver ënner dem Cornel Meder domat ugefaangen, déi eenzel Texter ze sammelen an zougänglech ze maachen. Méi spéit goufen se agescannt. An den 2010er Joren huet d'Institut fir lëtzebuergesch Literatur- a Sproochwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg déi ganz Texter vun der Fraktur- an déi laténgesch Schrëft transkribéiert an digitaliséiert. Zanter 2018 kënnen d'Texter an der Datebank battyweber.uni.lu no Stéchwierder a Volltext duerchsicht ginn.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Anne-Marie Millim, Sébastien Thilges: "Den Alldag zu Lëtzebuerg. E Bléck an d'Vergaangenheet mam Batty Weber sengem Abreißkalender (1913-1940)." In: forum Nr.431, Mee 2023, S.55-57.