Jean-Pierre Robert (Journalist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Journalist Jean-Pierre Robert. Fir aner Persoune mam selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Robert.

De Jean-Pierre Robert, gebuer 1882 a gestuerwen 1949, war e lëtzebuergesche Journalist.

Vun 1922 bis 1941 war hie Chefredakter vun der Luxemburger Zeitung.[1]

Den Henri Wehenkel beschreift hien 2014 an engem Artikel als e konservative Liberalen ("liberal" am Sënn vun de biergerlechen Eliten an den Duerfnotabilitéiten), dee sozial Onroue gefaart huet, deen de Front populaire bekämpft huet, an dem Nationalsozialismus an der däitscher Heim-ins-Reich-Ideologie méi wéi just Sympathien ofgewanne konnt. Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet hien an der Luxemburger Zeitung d'Politik vum "Drëtte Räich" verdeedegt, bis Enn 1941 d'Zeitung net méi publizéiert gouf, well se déi selwecht Linn vertrueden huet wéi dat gläichgeschalt Luxemburger Wort. Hien huet bis 1944 als Wirtschaftsredakter beim Wort geschafft, wou e weiderhi pronazistesch Artikele publizéiert huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Wehenkel: "L'homme du juste milieu." d'Lëtzebuerger Land Nr.37, 12. September 2014, S.12-13. [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn, Wehenkel 2014 an der Literatur.