Courrier du Grand-Duché de Luxembourg

Vu Wikipedia
Courrier du Grand-Duché de Luxembourg
Entête vum Courrier
Typ Dageszeitung
Sprooch Franséisch
Éischt Ausgab 3. Juli 1844
Lescht Ausgab 27. Dezember 1868
Land Lëtzebuerg
Besëtzer Charles Metz,
Norbert Metz
Chefredakter Mathieu-Lambert Schrobilgen


Titelsäit vun der éischter Nummer.

De Courrier du Grand-Duché de Luxembourg war eng franséischsproocheg Zeitung, déi vun 1844 bis 1868 zu Lëtzebuerg erauskomm ass.

Déi éischt Nummer ass op den Datum vum Mëttwoch 3. Juli 1844 datéiert.

Am Laf vun der Zäit ass Zuel vun den Nummere pro Woch vun zwou op sechs erhéicht ginn. Och goufen d'Wochendeeg vun der Verëffentlechung e puermol geännert:

  • vu Juli 1844 bis Dezember 1855, mëttwochs a samschdes
  • vu Januar 1856 bis Dezember 1856, donneschdes a samschdes
  • vu Januar 1857 bis September 1859, mëttwochs, freides a sonndes
  • vun Oktober 1859 bis Dezember 1860, all Dag ausser méindes.

Et war dëst den Nofollger vum Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg (1826-1844). Chefredakter war de Mathieu-Lambert Schrobilgen (1789-1883). De Courrier war konzipéiert, der Luxemburger Zeitung (1844-45) vum Ernest Grégoire Konkurrenz ze maachen.[1]

Besëtzer vum Courrier waren d'Bridder a Schmelzhären Norbert (1811-1885) a Charles Metz (1799-1853). Si hunn, nodeem de Courrier opgehalen huet, eng däitschsproocheg Zeitung, d'Luxemburger Zeitung (1868-1941), erausginn.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Explikatiounen op eluxemburgensia.lu