Mathieu-Lambert Schrobilgen

Vu Wikipedia
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mathieu-Lambert Schrobilgen
Gebuer 20. September 1789
Gronn
Gestuerwen 27. Dezember 1883
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Affekot

De Mathieu-Auguste-Lambert Schrobilgen, gebuer den 20. September 1789 am Gronn, a gestuerwen de 27. Dezember 1883 zu Iechternach, war e Lëtzebuerger Affekot, Greffier op der Cour supérieure et de cassation (genannt den 19. Februar 1840), Sekretär vun der Régence (Stadschreiwer) (1820-1850), Chef de Bureau vun der Regierungskommissioun a Chef de division pour les affaires militaires. De Mathieu-Lambert Schrobilgen war donieft Museker, Schrëftsteller a Fräimaurer.[1]

Zesumme mat dem Jacques Lamort huet hien 1826 de Journal de la ville et du Grand-Duché de Luxembourg gegrënnt. 1844 huet déi Zeitung opgehalen an hie gouf Chefredakter vum Courrier du Grand-Duché de Luxembourg vun de Bridder Metz (bis 1868).

Den 11. Januar 1816 huet de Schrobilgen sech mat der Suzanne-Marguerite François bestuet, Duechter vum Fréderic Hermann François vu Koblenz deen déi Zäit Nottär zu Lëtzebuerg war. D'Koppel hat fënnef Kanner, wouvun der zwee jonk gestuerwe sinn. Déi aner dräi waren:

D'Francine gouf den 23. Juli 1838 mat dem Chimiste Auguste Laurent bestuet, an d'Fanny den 13. September 1841 mat dem Friedrich Wilhelm Steinhardt engem Artilleriesoffizéier vu Bischofsburg deen déi Zäit an der Garnisoun zu Lëtzebuerg stationéiert war.

De Mathieu-Lambert Schrobilgen war de Grousspapp vum Paul Matthieu Hermann Laurent.

Fir un de Schrobilgen z'erënneren, gouf 1945 eng Strooss um Belair, d'Rue Schrobilgen, no him genannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.