Auguste Laurent

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Auguste Laurent (1807-1853)
Monument fir den Auguste Laurent zu Langres (Haute-Marne) a senger aktueller Form

Den Auguste Laurent, gebuer de 14. November 1807 zu La Folie, e Lieu-dit an der Gemeng Saint-Maurice no bei Langres am Departement Haute-Marne, a gestuerwen de 15. Abrëll 1853 zu Paräis, war e franséischen Ingenieur a Chimiesprofesser.

Den Auguste Laurent koum als dat zweet Kand vu véier an enger Wäinhändlerfamill op d'Welt. Hien huet nëmmen e klengen Deel vu senger Jugend zu Saint-Maurice verbruecht, well seng Eltere jonk gestuerwe sinn, seng Mamm 1826 a säi Papp 1828. Säi Monni de J.-Bernard Maître-Humbert, dee Schmelzenhär zu Châtillon-sur-Seine war, huet sech dunn ëm hie bekëmmert. E konnt dunn zu Gray an de Lycée goen an 1826 gouf en an der École des Mines ugeholl. 1830 krut e säin Ingenieursdiplom, an en huet sech decidéiert fir an der Fuerschung ze schaffen.

HIen huet am Laboratoire vum Jean-Baptiste Dumas ugefaange mat schaffen. 1831 krut en eng Plaz als Repetiteur op der École centrale des arts et manufactures, wou en d'Missioun krut en neie Procedé ze fanne fir den Naphtalen vum Steekuelegodrong z'isoléieren, wat e mat Hëllef vun engem Chlorderivat fäerdegbruecht huet dat en a grousse Quantitéiten iwwer Kristallisatioun isoléiere konnt.

Bei senge Recherchen huet hie sech net ëmmer un déi traditionell Methode gehalen, wat hie séier mat de Vertrieder vun der offizieller Chimie wéi Dumas, Liebig oder Berzelius konfrontéiert huet. D'Haaptiddi a sengen Aarbechte war fir d'empiresch Chimie op de Statut vun enger prediktiver Wëssenschaft ze bréngen. D'Konflikter mat de grousse Chimiste vun där Zäit déi 1836 en Héichpunkt haten, hunn et mat sech bruecht datt de Laurent 1832 dem Dumas sengem Laboratoire de Réck gedréint huet, a bei d'Parzeläinsfabréck vu Sèvres schaffe gaangen ass, wou en Erfarung an der Silikatchimie gesammelt huet. Fir mat senge Recherchen iwwer den Naphtalen weiderzekommen, huet en 1835 zu Paräis en eegene Laboratoire opgemaach. Op senger onermiddlecher Sich no neie Weeër huet e sech an der Parfumerie engagéiert, wou en Aarbechte gemaach huet, déi seng spéider Dokterthes iwwer organesch Verbindungen am Dezember 1837 ënnerstëtzt hunn.

Vun 1837 bis 1838 huet en an der Faiencerie vun Eech als Chef vum Departement Chimie geschafft an en huet sech den 23. Juli 1838 mat der Anne-Françoise (Francine) Schrobilgen, der Duechter vum Mathieu-Lambert Schrobilgen bestuet, déi hien ëm 60 Joer iwwerlieft huet.

Bei ville vu senge Recherchen an Iwwerleeunge steet en de grousse Patrone vun der Chimie géintiwwer, déi dann och nach wa se kleng hu misse bäiginn, d'Resultater vum Laurent fir sech reklaméiert hu sou wéi den Dumas mat dem Chlor-Waasserstoffaustausch.[1]

Wéi d'Faiencerie zougemaach huet ass d'Famill Laurent op Bordeaux geplënnert. Den Auguste war do Professer op der Universitéit bis 1845, wéi se op Paräis geplënnert sinn. Do gouf hie Membre correspondant vun der Académie des Sciences, an op der Sorbonne war hien 1847 an 1848 Suppleant vu sengem fréiere Professer Dumas.

Den Auguste Laurent ass de 15. Abrëll 1853 un Tuberkulos gestuerwen.

Bei sengem Doud huet hie seng Fra mat den zwee Kanner, dem Hermann deen eelef Joer hat, an der Suzanne déi eelef Méint hat hannerlooss.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Auguste Laurent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gérard Christian, Auguste Laurent, un précurseur méconnu de la chimie organique moderne an Pour la Science N°362 Dezember 2007