Hubert Campill

Vu Wikipedia
Hubert Campill
Gebuer 26. September 1872
Gestuerwen 10. Februar 1934
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot

Den Hubert Campill, gebuer de 26. September 1872 zu Iechternach a gestuerwen den 10. Februar 1934 zu Bad Nauheim (Däitschland), war e lëtzebuergeschen Affekot.

1895 huet den Hubert Campill säin Droitsexame gepackt; säi Stage als Affekot huet hien 1899 ofgeschloss. Schonn als jonke Member vum Barreau war den Hubert Campill Member vum Conseil de l'Ordre a spéider gouf hie Bâtonnier. An där Funktioun huet hien den Ustouss fir Grënnung vun der “Conférence du jeune barreau” ginn, déi 1923 gegrënnt gouf.

Den Hubert Campill war vum 19. Abrëll 1897 bis den 13. Abrëll 1903 President vum Iechternacher Verschéinerungsveräin.

De Campill, dee liberal Iddië vertratt huet, war och politesch engagéiert, huet et awer net gepackt, fir an d'Chambergewielt ze ginn, fir déi hien e puermol kandidéiert hat.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 71 S. (Online publizéiert). [1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Hubert Campill am Luxemburger Wort vum 13. Februar 1934 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-24.