Gaby Geimer

Vu Wikipedia
Gaby Geimer
Gebuer 29. Juni 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École privée Notre-Dame Sainte-Sophie
Aktivitéit Biolog
Member vun Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal
Famill
Bestuet mat Jos Massard
Geschwëster Paul Geimer
E Statoblast vun der Plumatella geimermassardi op der Deckelsäit vun der Hydrobiologia (Vol. 518, 2004)
Monographie vun de lëtzebuergesche Bryozoairen (1986). D'Zeechnung stellt eng Kolonie vu Plumatella repens Linné, 1758 duer.

D'Gaby Geimer, gebuer den 29. Juni 1950 zu Lëtzebuerg an opgewuess zu Bartreng, ass eng lëtzebuergesch Biologin.

Karriär

D'Gaby Geimer huet 1969 hir Première gemaach an duerno bis 1973 um Centre universitaire zu Lëtzebuerg an op der Universitéit zu Stroossbuerg studéiert. 1973 huet si hir Maîtrise gemaach.

Am selwechte Joer ass si Aspirant-professeur am Lycée Robert-Schuman ginn an dräi Joer méi spéit als Professeur de l'enseignement secondaire et supérieur nominéiert ginn. Vun 1976 u bis zur Pensioun am Hierscht 2010 war si Biologiesprofessorin am Iechternacher Kolléisch (Lycée classique d'Echternach).

Zanter 1973 ass si Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois. Si ass wëssenschaftlech Mataarbechterin vum Naturmusée. Donieft ass si Membre effectif vum Institut grand-ducal, section des sciences, vun der Société zoologique de France a vun der International Bryozoology Association (IBA). Si war Member vum Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine vum Centre universitaire (1994-2002).

Si ass d'Coauteurin vun enger ganzer Rei vu wëssenschaftleche Publikatiounen am Beräich vun der Zoologie a vun der Wëssenschaftsgeschicht. Si ass eng international unerkannt Spezialistin vun de Moosdéiercher (Ectoprocta oder Bryozoa) aus dem Séisswaasser.[1]

Vun 2002 bis 2010 war d'Gaby Geimer zesumme mat hirem Mann, dem Jos Massard, group coordinator fir d'Bryozoairen an der Fauna Europaea.[2] No hinnen ass d'Séisswaassermoosdéierche Plumatella geimermassardi genannt ginn.[3]

An hirer Jugend huet si Basketball gespillt, grad wéi hire Brudder, de Paul Geimer.

Publikatiounen (Auswiel)[4]

Rezent Publikatiounen

  • Massard, J.A., C. Ries & G. Geimer, 2020. Der Eisenbahner Jos Witry (1901-1971), ein luxemburgischer Schmetterlings- und Pflanzensammler. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 122: 3–27. Published online 15 July 2020 (ISSN 2716-750X). PDF
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Le professeur Jos Hoffmann (1911-2000), pédagogue, zoologue et défenseur de la nature, membre méritant de la Société des naturalistes luxembourgeois. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 321-345.PDF
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. L'histoire de la recherche bryozoologique au Luxembourg (Phylactolémates et Gymnolémates d'eau douce). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 373-379.PDF
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Le bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois et ses auteurs depuis 1990, une sélection de notices bio-bibliographiques. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 457-504.PDF
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2014. Les bryozoaires et l'Homme : « méfaits et bienfaits ». In: F. André, J.P. Corolla, B. Lanza & G. Rochefort : Les carnets du plongeur : Bryozoaires d'Europe. Gargas, Éditions Neptune Plongée: 33-40.
  • Massard, J.A., G. Geimer & E. Wille, 2013. Apparition de Pectinatella magnifica (Leidy, 1851) (Bryozoa, Phylactolaemata) dans le lac de barrage d'Esch-sur-Sûre (Luxembourg). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 114: 131-148. PDF
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2009. Luxemburg und der Darwinismus, ein historischer Rückblick. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 110: 7-41. [3]
  • Massard, J.A. & G. Geimer (2009): Auf den Spuren des Braunbären diesseits und jenseits der Sauer. In: Heimatkalender 2010 Eifelkreis Bitburg-Prüm: 95-102. [4]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2008. Occurrence of Plumatella emarginata Allman, 1844 and P. casmiana Oka, 1908 (Bryozoa, Phylactolaemata) in Lake Pamvotis (Ioannina, Greece). Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 109: 133-138. [5]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2008. Global diversity of bryozoans (Bryozoa or Ectoprocta) in freshwater: an update. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 109: 139-148. [6]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2008. Global diversity of bryozoans (Bryozoa or Ectoprocta) in freshwater. In: E.V. Balian, C. Lévèque, H. Segers & K. Martens (eds): Freshwater animal diversity assessment. Hydrobiologia, 595 (1): 93-99. [7]
  • Fontaine, B. et al. (ënner de Coauteuren: J.A. Massard a G. Massard-Geimer), 2007. The European Union's 2010 target: Putting rare species in focus. Biological Conservation 139: 167-185. [8]

Bicher

  • Massard, J.A. (éd.), B. Gales, G. Geimer, E. Homburg, A. Labisch, G. Vanpaemel (collab.), 1996. L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde. Actes du 13e Congrès Benelux d'Histoire des Sciences, Echternach (Luxembourg), 1995. Luxembourg, Séminaire d'Histoire des Sciences et de la Médecine du Centre Universitaire de Luxembourg, 280 p. (Numéro spécial du Courrier de l'Education Nationale).
  • Massard, J.A.& G. Geimer (1993): Initiation à l'écologie. Principes généraux de l'écologie et notions sur le milieu naturel luxembourgeois ainsi que sur les problèmes de l'environnement au Grand-Duché de Luxembourg. 2e édition. Luxembourg, Ministère de l'Education nationale, 297 S.[9]
  • Geimer, G. & J.A. Massard, 1986. Les Bryozoaires du Grand-Duché de Luxembourg et des régions limitrophes. Travaux Scientifiques du Musée d'Histoire Naturelle de Luxembourg 7: 1-187. [10] Corrigenda. [11]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1983. Initiation à l'écologie. L'environnement au Luxembourg. Cours d'écologie. Classe de IIIe C. Luxembourg, Ministère de l'éducation nationale, 207 p.

Weider Publikatiounen

  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2005. Die Süßwasserbryozoen in der Fauna Europaea 2004: Karten und Kommentare. Denisia 16: 167-174 (Kataloge der Oberösterreichischen Landesmuseen, N.S. 28). [12]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2005. Un Bryozoaire nouveau pour la France découvert à Savignac-les-Eglises: Plumatella geimermassardi Wood & Okamura, 2004 (Bryozoa: Phylactolaemata). L'Ascalaphe, 13 (avril 2005): 3-7. [13]
  • Økland, K.A., J. Økland, G. Geimer & J.A. Massard, 2003. Freshwater bryozoans (Bryozoa) of Norway IV: Distribution and ecology of four species of Plumatella with notes on Hyalinella punctata. Hydrobiologia 501: 179-198. [14]
  • Massard, J.A., G. Geimer, K.A. Økland & J. Økland, 2002. Note on the occurrence of the freshwater bryozoan Plumatella casmiana Oka, 1907 (Bryozoa, Phylactolaemata) in Norway. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, NS 44: 127-143.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2002. A survey on the history of freshwater bryozoology in Belgium and Luxembourg. In: P.N. Wyse Jackson & M.E. Spencer Jones (eds), Annals of Bryozoology: aspects of the history of research on bryozoans: 133-170 (Dublin).
  • Wood, T.S., L.J. Wood, G. Geimer & J. Massard, 1998. Freshwater bryozoans of New Zealand: a preliminary survey. New Zealand Journal of Marine and Freshwater Research 32: 639-648. [15]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1996. On the occurrence of Fredericella indica Annandale, 1909 (Phylactolaemata) in Europe. In: D.P. Gordon, A.M. Smith & J.A. Grant-Mackie: Bryozoans in space and time. Proceedings of the 10th International Bryozoology Conference (Wellington, New Zealand, 1995). Wellington, NIWA: 187-192.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1991. Note on the freshwater Bryozoa of Israel (Phylactolaemata). In: F. Bigey (ed.) & J.-L. d'Hondt (collab.): Bryozoaires actuels et fossiles: Bryozoa living and fossil. Bulletin de la Société des Sciences naturelles de l'Ouest de la France, Mémoire HS 1: 243-253, Nantes.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1990. Note on the freshwater Bryozoa (Ectoprocta, Phylactolaemata) of Tenerife. Vieraea 19: 327-338, Santa Cruz de Tenerife.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 215-455.

Literatur

Referenzen

  1. Gaby Geimer, Jos Massard et les bryozoaires au Luxembourg. In: S. Philippo (réd.): 150 Joer Musée national d'histoire naturelle du Luxembourg. Luxembourg 2004, S 166-168.
  2. Fauna Europaea. – Kuck och: de Jong Y, Verbeek M, Michelsen V, Bjørn P, Los W, Steeman F, Bailly N, Basire C, Chylarecki P, Stloukal E, Hagedorn G, Wetzel F, Glöckler F, Kroupa A, Korb G, Hoffmann A, Häuser C, Kohlbecker A, Müller A, Güntsch A, Stoev P, Penev L (2014): Fauna Europaea – all European animal species on the web. Biodiversity Data Journal 2: e4034. doi: 10.3897/BDJ.2.e4034
  3. T.S. Wood & B. Okamura: Plumatella geimermassardi, a newly recognized freshwater bryozoan from Britain, Ireland and continental Europe (Bryozoa: Phylactolaemata). Hydrobiologia, 518 (2004), S. 1-7. [1] Cf. Michiel van der Waaij: Dutch freshwater bryozoans (moss animals). [2]
  4. Cf. http://massard.info/?page_id=3