Joseph Hess

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Joseph Hess

De Joseph Hess, gebuer de 14. Mäerz 1889 zu Simmer, a gestuerwen den 2. Abrëll 1973 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sproocheprofesser, Linguist an Auteur, deen ënner anerem iwwer Lëtzebuerger Geschicht an al lëtzebuergesch Bräich geschriwwen huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie koum aus enger Bauerefamill a war dat véiert vun am Ganze sechs Kanner. No der Primärschoul goung hien an de Stater Kolléisch a war am Konvikt. Ee vu senge Professeren a Virbiller war den Nik Welter. Bekannt Schoulkomerode waren den Eugène Auguste Collart, William J. Kroll an de Félix Chomé. Seng Universitéitsstudien huet hien zu Paräis, München, Freiburg im Breisgau a Fribourg (Schwäiz) gemaach.

1924 war hie Matgrënner vum Sproochveräin, deen 1935 déi véiert Sektioun vum Institut grand-ducal gouf, d'Section de linguistique, de folklore et de toponymie.[1] Vun 1935 u war hie Vizepresident vun där Sektioun a vun 1960 un hire President.

Hie war doriwwer eraus nach Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal, vun der Letzeburger Nationalunio'n a vun 1950 bis 1977 Member vun der Dictionnaireskommissioun vum Luxemburger Wörterbuch.

Vun 1959 bis 1970 huet de Professer Hess regelméisseg op Radio Lëtzebuerg Emissiounen iwwer lëtzebuergesch Theme geschwat, deenen hir Texter 1983-1984 posthum a véier Bänn ënner dem Titel Bei eis doheem publizéiert goufen.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Volkskunde. Grevenmacher, Dréckerei Paul-Faber, 1929.
  • Das Amecht. Lëtzebuerg, Schroell, 1933.
  • Le déclin de Bourscheid. 1939.
  • Luxemburger Volksleben in Vergangenheit und Gegenwart. Beiträge zur Luxemburger Volkskunde. Grevenmacher, Dréckerei Paul-Faber, 1939.
  • Die Sprache der Luxemburger. Lëtzebuerg, Brück, 1946.
  • L'émigration luxembourgeoise. In: Livre du Centenaire. Lëtzebuerg, 1948.
  • Bettborn. 1948.
  • Die Hinterglasbilder im Luxemburger Staatsmuseum. 1951.
  • Eine alte Kultstätte im Petrusstal. 1952.
  • Simmern im Eischtal. Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, 1958. (Separatdrock aus der Revue Hémecht, Jgg. 1958)
  • Altluxemburgische Hausgeräte. 1959.
  • Altluxemburger Denkwürdigkeiten. Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde. Lëtzebuerg, P. Linden, 1960.
  • Altluxemburgische Tiernamen. 1960.
  • Burgbrennen im Luxemburger Lande. 1961.
  • Die Escher. 1962.
  • Consdorf, im Schatten der Geschichte und Legende. 1964.
  • Der einsame Schlossherr non Bondorf-Losange. 1965.
  • Altluxemburgische Geographie der Binnenstadt. Luxemburg. 1968.
  • Nospelter Töpfer in früherer Zeit. 1968.
  • An der Neipuert. 1971.
  • A Possen, Bech-Kleinmacher. 1972.
  • Bei eis doheem. 4 Bänn, RTL Édition, Lëtzebuerg, 1983-1984:
  1. Vu Stied an Dierfer. 1983.
  2. Iwwert Land a Leit. 1983.
  3. Geschicht a Geschichten. 1984.
  4. Dëst an dat. 1984.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un de Joseph Hess z'erënneren ass um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him benannt: d'rue Joseph-Hess verbënd d'rue Jean-Pierre-Erpelding mat der rue Marcel-Reuland.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Atten, Alain, 1970. Dem Här Hess - fir séng uechtzeg Joer. Bulletin linguistique et ethnologique 16: 3-9.
  • Hury, Carlo, 1970. Bibliographie Joseph Hess. Bulletin linguistique et ethnologique 16: 12-23.
  • Kayser, Edouard Marc, 2003. Joseph Hess 1889-1973. An: 400 Joer Kolléisch, Band II: 367-368. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Weber, Nic, 1998. Joseph Hess 1889-1973. Les Cahiers luxembourgeois 1: 80-81.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. den Arrêté ministériel am Mémorial A Nr. 73 vum 30.11.1935.
  2. Cf. Ordre de la Couronne de chêne, Auszeechnungen 1958, Memorial A Nr. 12 vun 1958.