Félix Chomé

Vu Wikipedia
Félix Chomé
Gebuer 23. Oktober 1888
Bréissel
Gestuerwen 6. Januar 1972
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen

De Félix Chomé, gebuer den 23. Oktober 1888 zu Bréissel, gestuerwen de 6. Januar 1972 an der Stad Lëtzebuerg, war en Industriellen.

De Félix Chomé hat säin Ingenieursdiplom op der Universitéit vu Gent gemaach. Kuerz no der Grënnung vun der ARDED am Joer 1911, koum hien op d'Diddelenger Schmelz schaffen. Vun 1920 un, war hie Generalsekretär vun der Métallurgique des Terres Rouges. An der Zäit vun der Besetzung vun der Ruhr goung hien eng Schmelz zu Oochen leeden, déi der Rothe Erde gehéiert huet.

Do blouf hie bis 1926, fir dann Direkter vun der Escher Schmelz ze ginn. Dat Joer drop koum hien an d'Zentralverwaltung vun der ARBED, wou hien nom Zweete Weltkrich Generaldirekter gouf.

Vun 1952 bis 1961 war hie President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, vun 1953 bis 1959 President vun der Chambre de commerce zu Lëtzebuerg.

De Félix Chomé huet e Buch iwwer d'Geschicht vun der ARBED, vun 1911 bis 1964, verëffentlecht.

No him ass d'Fondatioun Félix Chômé genannt, déi seng Fra, d'Alice Chomé-Bastian, zu senger Éier no sengem Doud gegrënnt huet.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Villa Chomé[änneren | Quelltext änneren]

D'Notzung vu senger Villa zu Eech, no sengem Doud, absënns an den 1980er Joren duerch d'Brigade mobile, gouf am Kader vun den Enquêten ëm d'Affär Bommeleeër Enn 2014 an der Press diskutéiert.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Félix Chomé, 1972. Un demi-siècle d'histoire industrielle. ARBED. (Ouni Indikatioun vum Publikatiounsjoer).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1958 Memorial A N° 12 vun 1958 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-01-06.
  2. 2,0 2,1 2,2 Noruff : Félix Chômé Ehrenpräsident der ARBED, mit 83 Jahren gestorben am Luxemburger Wort vum 7. Januar 1927 op der Säit 3 op eluxemburgensai.lu gekuckt de 25. Oktober 2022
  3. BULLETIN DE DOCUMENTATION - Nos 7/8/9 7e Année Luxembourg le 30 septembre 1951 Nouvelles de la Cour p 166
  4. "De Bunker an der Villa Chomé" rtl.lu, leschten Update: 28.11.2014, 07:22:52.