Fondation Félix Chômé

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fondatioun Félix Chômé)

D'Fondation Félix Chomé ass eng lëtzebuergesch Stëftung déi 1972 op Initiativ vum Félix Chomé senger Wittfra der Alice Chomé-Bastian gegrënnt gouf. D'Stëftung huet als Haaptobjet sech fir e wierdege Logement vun eelere Leit aus klenge Verhältnesser anzesetzen.

Zanter 1976 bedreift d'Fondatioun zu Eech d'Résidence Félix Chomé an där Leit vu méi wéi 60 Joer déi just e klengt Akommes hunn, encadréiert mä autonom liewe kënnen. D'Käschte fir do ze wunnen hänke vun der finanzieller Situatioun vun de betraffene Leit of.[1] Den 19. Oktober 2011 gouf zu Eech, nieft deem éischte Gebai, de Grondstee fir eng nei Residenz geluecht déi déi al soll ersetzen.[2]

Am Joer 2010 gouf eng zweet Residenz zu Macedo de Cavaleiros am Norde vu Portugal, wou déi meescht portugisesch Immigranten zu Lëtzebuerg hierkommen, ageweit. Dëst Haus ka 55 Leit ophuelen a 40 weidere bei hinnen doheem Hëllef ubidden.[3]

D'Stëftung vergëtt och d'Studiebourse Félix Chomé-Bastian.

Enn vum Exercice 2010 hat d'Fondatioun en netto Patrimoine vu knapps 40 Milliounen Euro.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuerger Journal, "Pose de la première pierre de la nouvelle résidence Félix Chomé", 20. Oktober 2011
  2. http://www.mywort.lu/eich/news/12639945.html?referrer=ic_section_news
  3. http://www.journal.lu/2010/10/23/projet-finance-par-la-fondation-felix-chome/
  4. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2011/C/Pdf/c1268106.pdf#Page=26