William J. Kroll

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De William J. Kroll

De William J. Kroll gebuer de 24. November 1889 zu Esch-Uelzecht als Guillaume Justin Kroll, a gestuerwen den 30. Mäerz 1973 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Fuerscher an Erfinder.

De Kroll huet seng Kandheet am Schiet vun den Héichiewe vun der Brasseurs Schmelz verbruecht, wou säi Papp Direkter war.

1909 huet en d'Première um Athenäum an der Stad gemaach, an duerno huet hien, wéi och seng Bridder, fir Ingenieur an Däitschland, zu Berlin-Charlottenburg studéiert, wou e maxima cum laude säin Doktertitel krut.

Nodeem en an Däitschland, Éisträich an Ungarn bei verschiddenen Entreprisë geschafft hat, an ë. a. en neie Bläi-Aluminiumalliage entwéckelt hat, koum de Kroll 1923 zréck op Lëtzebuerg an huet an der Stad um Belair d'Villa Leclerc, an där haut de Kadaster ass, an e Laboratoire ëmgebaut. Do huet e souzesoen als Ee-Mann-Betrib am Beräich vun der Metallurgie geschafft a gefuerscht, virun allem iwwer den Titan an Alliagen dovun.

Am Februar 1940 ass de Guillaume Kroll an Amerika ausgewandert. Fir d'éischt huet e fir d'Union Carbide and Carbon geschafft, duerno fir de Bureau of Mines am Oregon an op der Oregon State University, wou en och säi Wëssen un d'Studente weiderginn huet. 1946 huet en deen no him genannte Kroll-Procedé entwéckelt, deen et erméiglecht, Titan an Zirkonium duerch Reduktioun op industrieller Basis ze produzéieren. Titan ass genee sou zolidd wéi Stol, mä méi liicht, a gëtt dofir vill an der Aeronautik gebraucht.

De W. J. Kroll huet iwwer 50 Patenter ugemellt, fir Metall-Legéierungen ze produzéieren. En ass Éierendokter vun net manner wéi 5 Universitéiten, a krut ë. a. 1954 d'James Douglas Gold Medal vum American Institute of Mining, Metallurgical and Petroleum Engineers.

1958 krut hien d'Perkin Medal, déi bedeitendst Auszeechnung fir Innovatiounen an der ugewennter Chimie an den USA.

1961 koum de W.J. Kroll zréck an Europa an huet bei sengem Brudder an der Géigend vu Bréissel gewunnt, wou en och 1973 gestuerwen ass. Virdru koum en awer e puermol op Lëtzebuerg, an ass och do um Nikloskierfecht begruewe ginn.

Nom William J. Kroll genannt[änneren | Quelltext änneren]

Schëlter virun dem Centre Drosbach op der Cloche d'Or an der Stad, d'Rue Guillaume Kroll
  • Op der Colorado School of Mines gëtt et e W. J. Kroll Institute for Extractive Metallurgy, dat mat Hëllef vun enger Stëftung vum Kroll 1973 konnt opgemaach ginn. Erfuerscht ginn do nei Technologien, fir Materialie physesch a chemesch ze verschaffen.
  • E lëtzebuergesche Fuerschungspräis fir Jonker, de Guillaume-Kroll-Präis;
  • eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg: d'Rue Guillaume Kroll;
  • eng Strooss zu Esch-Uelzecht: d'Rue W.-J.-Kroll.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme (den Numm vum Auteur ass offensichtlech iertemlecherweis vergiess ginn) 2003: Guillaume KROLL 1889-1973. An: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 363-365. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Haag, Emile, 2011. Guillaume Kroll *1889 1973, le père de la métallurgie du titane, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 406-411.
  • Stumper, Robert, 1973: In memoriam W.J. Kroll. d'Lëtzebuerger Land, Nr 15, S. 3-6.
  • Fondation Nicolas Lanners (éd.) 1998: Plaquette sur Kroll. 25e anniversaire de sa mort.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1954 Memorial A N° 9 vun 1954