Mathieu Michel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Mathieu Michel, gebuer de 24. Mee 1820 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 6. August 1880 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Professer a Schouldirekter.[1]

De Mathieu Michel war vun 1839-1840 an 1840-1841 Professer am Iechternacher Gemengekolléisch. Den 23. Oktober 1841 ass hie Konrektor vum Iechternacher Progymnasium ginn. Den 1. Februar 1858 koum hien als Professer an den Atheneum. Den 29. Oktober 1866 gouf hien Direkter vum der Iechternacher Mëttel- an Industrieschoul.

Um Ufank vum Schouljoer 1877/78 huet et mat der Gesondheet vum Michel gehappert, sou datt hien ufanks November 1877 ee Congé aus Gesondheetsgrënn ugefrot huet. Vum 11. November 1877 u gouf hien duerch de Professer Jos Namur ersat. Ee Mount méi spéit war de Michel nees sou wäit an der Rei, datt hien nees schaffe konnt. Déi ganz Geschicht hat awer zu Iechternach fir vill politesch Onrou gesuergt, well den Namur intern a politesch kontestéiert gouf. De Michel Mathieu huet den 11. Juli 1878 d'Erlaabnes krut, an d'Pensioun ze goen, an zwar vum 30. September 1878 un. Den Namur gouf nees virleefeg mat der Direktioun vun der Schoul chargéiert, wat alt erëm eng Kéier zu engem Tollé général gefouert huet. Schlussendlech gouf e Mann Direkter, deen dat eigentlech net wollt, an zwar den Théodore Witry (1839-1910), Professer am Atheneum.[2]

Zesumme mat dem Jean-Pierre Brimmeyr huet hien 1856 dem Abt Jean Bertels seng "Historia Luxemburgensis" (Editioun vu 1605) erausginn.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1845: Catalogue des abbés d'Echternach : (698-1477). In: Programm herausgegeben am Schlusze (sic!) des Schuljahres 1844-1845 / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Echternach. Luxemburg, Buch- u. Steindruckerei von Mel Behrens & Cie, 1845, S. 1-22.
  • 1851: Zwei Echternacher Weisthümer. In: Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1850-1851, Königlich Grossherzogliche Mittlere- und Gewerbschule von Echternach. Luxemburg: Buch- und Steindruckerei und Buchbinderei von M. Behrens Sohn, 1851, S. II, 1-11.[1]
  • 1856: Historia Luxemburgensis: seu commentarius quo ducum luxemburgensium ortus, progressus ac res gestae continuata serie ab ipso primario initiatore, usque ad praesentem illustrissimum archiducem Albertum, accurate describuntur, simul et totius provinciae Luxemburgensis ducatus, marchionatus, baronatus, caeteraque dominia succincte perstringuntur / omnia summo studio atque admiranda iucunditate a Joanne Bertelio. Luxemburgi, V. Buck, 1856. XXII, 378, XVIII S. (zesumme mam Jean-Pierre Brimmeyr erausginn). [2]
  • 1865: Le manuscrit de Pline le Naturaliste, conservé à la Bibliothèque de l'Athénée de Luxembourg. In: Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1864-1865. Athénée royal grand-ducal de Luxembourg. Luxembourg: P. Bruck, 1865. S. 3-50.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard: Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1 (1988), S. 218.
    H. Trauffler: Les professeurs historiens. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, S. 561.
  2. J.A. Massard: Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, 1992, S. 505ff.