Théodore Witry (Professer)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Professer Théodore Witry. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Théodore Witry.
Théodore Witry
Gebuer 6. Mäerz 1839
Rolleng
Gestuerwen 10. Januar 1910
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Schoulinspekter

Den Théodore Witry, gebuer de 6. Mäerz 1839 zu Rolleng (Miersch) a gestuerwen den 10. Januar 1910 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer.

Den T. Witry, deen zënter 1864 3. Repetent am Athenäum war, huet 1865 säin Doktorat (Spezialitéit Däitsch) zu Lëtzebuerg gemaach. Vun 1864 u war hien 1. Repetent am Athenäum, wou hie seng Nominatioun als Professer am Joer 1869 krut.

1878 gouf hien Direkter am Iechternacher Kolléisch an 1879 am Dikrecher Kolléisch[1].

1881 gouf hien « Ober-Inspektor » (inspecteur principal) vun de Primärschoulen.

Zesumme mam Ernest Feltgen an dem Edmond Joseph Klein war den Th. Witry ee vun den Initiatore vun der Grënnung, am Joer 1904, vun der « Société d'Hygiène sociale et scolaire » (Verein für Volks- und Schulhygiene).

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Zum deutschen Unterricht in unsern Schulen. In: Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1874-1875 / Königlich-Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg = Programme, publié à la clôture de l'année scolaire 1874-1875 / Athénée royal grand-ducal de Luxembourg. Luxembourg: P. Bruck, 1875, S. 3-35.
  • La situation de l'enseignement primaire dans le Grand-Duché de Luxembourg: pendant la période de 1815 à 1900. Luxembourg: Impr. de la Cour V. Bück, 1900, 187, IV S. (= Statistique historique du Grand-Duché de Luxembourg, 14).

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922: I-VIII, 1-79 S. [Théodore Witry: S. 77].
  • Blum, M., 1981. ‘’Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus.’’ Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 2: M-Z, 700 p. [Théodore Witry: S. 598].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard, J. A., 1992. Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joër [sic] Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 511-513.