Éischtrich
Fréieren Numm | Ehrstrasse |
---|---|
Längt | 235 |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Iechternach |
Uertschaft | Iechternach |
Postcode | 6450 |
Koordinaten |
49° 48’ 43.3’’ N 06° 25’ 10.4’’ O |
Éischtrich oder Éischtrëch[2] ass den alen Iechternacher Numm fir d'rue de Luxembourg zu Iechternach. Si geet vun der Maartplaz an d'Direktioun Lëtzebuerg-Stad. No der Kräizung rue des Remparts/rue Maximilien heescht se route de Luxembourg, dat entsprécht der fréierer Landstrooss oder Laangstrooss[3].
De fréieren däitschen Numm vun der Strooss ass Ehrstrasse[4].
An alen Dokumenter fënnt een d'Strooss mat deenen heiten Nimm[3]: Eirstraze (1291), Yrstraze (1317), Erstraiz (1341), Erstraisz (1346), Eyrstrase (1361), Erstrasz (1375), Erstraisz (1404), Eier-Strasse (1467), Oehrstr. (1381), Erstraße (1491)[5].
An engem Artikel aus dem Echternacher Anzeiger vun 1868 gëtt d'Strooss als Erst-Straße, wat heiansdo Ehrstraße geschriwwe géif, ernimmt, mat der Bemierkung den Numm Luxemburger Straße wier eréischt an neister Zäit an de Gebrauch komm, wat net ganz richteg ass, well den Numm rue de Luxembourg schonn op enger Kaart vun Iechternach aus dem Joer 1803 figuréiert[6]. Den Artikel am Anzeiger liwwert och eng etymologesch Erklärung fir den Numm vun der Strooss: hie kéim dohier, well si bei Verwaltungssaachen an der Reiefolleg vun de Letzen (Stadquartieren)[7] den Ufank gemaach, also un éischter Plaz gestanen hätt[8].
De Jos Hess féiert den Numm op de Begrëff Ercher = Weisgerber zeréck: Ercherstraße in Echternach wird zu Ehrstraße, eine der sieben Letzen[9].
Den Numm Éischtrich ass an e puer Iechternacher Riedensaarten ze fannen, déi allerdéngs hautdesdaags kaum nach ze héiere sinn. Sou konnt een Éischtrich erop begroawe geen. Den Trauerzuch goung da matzen duerch d'Stad, d'Haaptstrooss erop, op de Kierfecht bei der Schlamm-Millen. Anerwäerts heescht dat: mat der Musek, mat véier Hären begruewe ginn. Am Géigendeel dozou konnt een awer och, wéi déi aarme Leit, d'ewicht Baach op begroawe geen, um kierzte Wee iwwer d'iewescht Baach (Oberbach, rue André Duchscher), ouni Sank a Klank[4].
Eent vun de bemierkenswäerten Haiser an Éischtrich ass dat grousst Patrizierhaus am Barockstil, dat de Schultheiss Theodor Lorent do baue gelooss huet. D'Haus louch ursprénglech an engem grousse Komplex mat engem Haff an engem Gaart; ronderëm war eng héich Mauer mat engem schéine Portal, iwwer deem d'Baujoer 1765 als Chronogramm stoung: "SoLa MIserIa Caret CVRA et InVIDIa" (MLCCDVVIIIII)[10].
Déi Elementer sinn haut net méi erhalen. Iwwer der Hausdier gëtt et awer nach ëmmer eng Skulptur mat zwee Gesiichter, déi de Portrait vum Theodor Lorent a senger Fra als eng Zort Januskapp duerstellt[11]. Virum Haus war laang Zäit eng Tankstell, déi zanter 2010 verschwonnen ass. De Garage am fréiere Gaart ass awer nach ëmmer do.
Iwwer dem Lorent säin Haus huet de Pierre Alexandre Cyprien Merjai (1760-1822) a sengem Reesbericht iwwer Iechternach, deen hien am Ufank vum 19. Joerhonnert zu Pabeier bruecht huet, geschriwwen: Il y a quelques belles Maisons dans cette ville, entre autres celle d'un particulier nommé Lorent, qui a passé après sa mort à son neveu, Mr. Nicolas de Hout de Luxembourg, qui la possède aujourd'hui avec ses beaux jardins étant située près de la porte de Luxembourg[12].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Coussement, S., 2003. Echternach et ses environs. Echternach und Umgebung. Stroud (Gloucestershire), Tempus Publishing Group, p. 16. [1].
- ↑ um Stroosseschëld als E'ishtrish markéiert
- ↑ 3,0 3,1 Zimmer, C., A. Wolzfeld & P. de Jong, 1981. Alte Gassen - Liebe Heimat. In: P. Schritz & A. Hoffmann (Hrsg.): Abteistadt Echternach. Echternach cité abbatiale. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 298.
- ↑ 4,0 4,1 Luxemburger Wörterbuch. Bd. I. A-F (V-Ph). Luxemburg, 1950/54, S. 257 [2].
- ↑ Wampach, C., 1952. Urkunden-und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur burgundischen Zeit. Band 9: Mit dem vorhergehenden Band die Quellen der Grundherrschaft Echternach enthaltend. Luxemburg, S. 526. [3]
- ↑ Carte figurative de la ville et des environs d'Echternach levée & rédigée par le Sieur Alexandre de Kahnn (sic), géomètre juré & approuvé, 1803. — Dës Kaart ass am Buch vum Paul Spang Echternach, Geschichte einer Stadt (1983) op der Säit 72/73 publizéiert ginn. D'rue de Luxembourg an d'Porte de Luxembourg sinn dorop duergestallt; d'Verlängerung vun der Strooss extra muros — d'Landstrooss — heescht einfach chemin à Luxembourg, an et stinn nach keng Gebaier do laanscht.
- ↑ An Iechternach gouf et siwe Letzen, deenen hir Awunner d'Stadmauer hu missen ënnerhalen a bewaachen (Luxemburger Wörterbuch. Bd. III. L-P. Luxemburg, 1965/70, S. 45). — An engem Dokument vu 1765 ginn déi Letzen opgezielt: Erstraßer letz, hahler letz, Kacker letz, sauergaßer letz, hoffblocher letz [Hoovelek], berggaßer letz, martter letz [Maart] (A. Schon, 1957. Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500 - 1800. Heft 4. Esch/Alzette, S. 498).
- ↑ Ueber die Benennung der Straßen Echternachs. Echternacher Anzeiger 1868, No 1 (1. Jan.): 1-2.
- ↑ Hess, J., 1970. Zur Geschichte der Luxemburger Familiennamen. Bulletin linguistique et ethnologique, Institut grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie, fasc. 16, S. 30 (Archen).
- ↑ Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Zweite Hälfte des zweiten Teiles, begreifend den Zeitraum 1298-1797. Dritter Teil: Spezialgeschichte Echternacher Baudenkmäler. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, S. 234. — De Brimmeyr huet dëse Sproch sou iwwersat: Das Elend allein entbehrt der Sorgen und des Neides; de Paul Spang (Theodor Lorent oder die Aufklärung in Echternach. In: Die Warte, Luxemburg, 35(1982), Nr. 32 (9. Dezember), S. 2.) formuléiert dat änlech: Nur das Elend kennt keine Sorge und keinen Neid. Am Touristeguide vun Iechternach aus dem Joer 1966 fënnt een dës Iwwersetzung, déi e bëssen en anere Sënn ergëtt: L'envie et la sollicitude se détournent de la misère. (Echternach. Guide officiel de la Petite Suisse Luxembourgeoise et de la Basse-Sûre. 17e édition. Société d'Embellissement et de Tourisme d'Echternach, éd., Luxembourg, S. 63).
- ↑ Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg, S. 297-298.
- ↑ P.A.C. Merjai: Voyages curieux et utiles. 22e partie, fol. 1842-1842v, zitéiert bei Schmitt, M., 1970. Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Luxembourg, S. 209.