Louis Counet

Vu Wikipedia
Louis Counet
Gebuer 1652
Léck
Gestuerwen 5. August 1721
Tréier
Nationalitéit Prënzbistum Léck, Däitschland
Aktivitéit Moler
Gedenkkräiz zu Tréier

De Louis (och alt Ludwig) Counet, gedeeft den 20. November 1652 zu Léck a gestuerwen de 5. August 1721 zu Tréier, war e Barockmoler, deen haaptsächlech zu Tréier gelieft a gemoolt huet.

Hien huet, sou gëtt ugeholl, zu Léck beim Gérard Douffet a beim Bertholet Flémal(le) klassizistesch Molerei am franséisch-italieenesche Stil studéiert. Dono war hie fir fënnef Joer an Italien, wou en ë. a. déi grouss italieenesch Meeschtere studéiert a kopéiert huet.

No e puer Joer zeréck zu Léck ass hien tëscht 1681 a 1683 mat senger Famill op Tréier wunne gaangen. 1690 krute si do d'Biergerrecht, an hien huet eng grouss Carriére als lokale Moler gemaach. Zu senge Clienten hunn de Conseil vun der Stad Tréier, Kléischter, Paren aus der Stad an der Groussregiuon an de kurfürstlechen Haff zu Koblenz-Ehrenbreitstein (wou den Tréierer Kurbëscheef hir Residenz war) gehéiert. Seng Biller ware ganz Serie vu groussformategen Tableaue mat reliéisen, och alt allegoreschen oder mythologeschen Theemen, néi seelen och Portraien. Hien huet gutt domat verdingt, an dat huet him och der Doud bruecht: Hie gouf bei engem Iwwerall, wou en den Honorar vu 6 Biller bei sech hat, doutgemaach.

Vu senge Biller sinn der 53 repertoriéiert, déi erhale sinn. Iwwer d'Hallschecht dervu sinn zu Tréier, déi aner ë. a. zu Léck, a soss doruechter an der Groussregioun. Zwee dervun sinn zu Lëtzebuerg:

2009 gouf säi Wierk an enger Ausstellung zu Tréier mam Titel Barockmalerei an Maas und Mosel: Louis Counet und die Lütticher Malerschule gewierdegt. Déi Jore virdru waren dofir grouss Fuerschungsaarbechte gemaach ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Elisabeth Dühr, Gabriele D. Grawe, Frank G. Hirschmann, Christl Lehnert-Leven (Hrsg.): Barockmalerei an Maas und Mosel: Louis Counet und die Lütticher Malerschule – La peinture baroque entre Meuse et Moselle: Louis Counet et l'École liégoise. Zweisprachiges Katalog-Handbuch zur gleichnamigen Ausstellung im Stadtmuseum Simeonstift Trier, 26. September 2009 - 28. Februar 2010.
  • Counet, Louis. In: Allgemeines Künstlerlexikon. Die Bildenden Künstler aller Zeiten und Völker (AKL). Band 21, Saur, München 1998, ISBN 3-598-22761-2, S. 558 f.
  • Le Dictionnaire des peintres belges du XIVe siècle à nos jours depuis les premiers maîtres des anciens Pays-Bas méridionaux et de la Principauté de Liège jusqu’aux artistes contemporains. Bruxelles 1995, Bd. 1, S. 213.
  • Jacques Hendrick: La peinture liégeoise au XVIIe siècle. Gembloux 1973.
  • Jacques Stiennon, Jean-Patrick Duchesne, Yves Randaxhe: De Roger de le Pasture à Paul Delvaux – Cinq siècles de peinture en Wallonie. Bruxelles 1988, S. 136/137.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis Counet – Biller, Videoen oder Audiodateien