Buerg Branebuerg

Vu Wikipedia
Buerg Branebuerg
Brandenbourg Castle 01 Luxembourg.jpg
Vue vu Süden, vum neie Point de vue um Köpp -Hiwwel
Typ Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Tandel
Plaz Branebuerg
Koordinaten 49°54'42"N, 6°8'16"O
Status Klasséiert Monument
Zeechnung vum Martinus-Antonius Kuytenbrower (1821-1897)
Branebuerg géint 1857, Teller vun der Faïencerie vu Septfontaines no enger Zeechnung vum Jean-Baptiste Fresez

D'Buerg Branebuerg steet um Buergbierg nërdlech iwwer der Uertschaft Branebuerg am Dall vun der Blees, tëscht der Blees am Süden, der Hämechtbaach am Westen an der Millebaach am Osten. Si steet op hallwem Wee tëscht Veianen a Buerschent.

D'Buerg ass vun Abrëll bis Oktober fir d'Ëffentlechkeet op.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Spuere stame vun engem réimesche Kastell aus Holz. Bei den Ausgruewungen an de leschte Jore goufen Iwwerreschter vun Holz a Lächer, déi warscheinlech als Verankerung vu Pottoe benotzt goufen, fonnt. Ier déi nei stenge Buerg gebaut gouf ass déi hëlze verbrannt ginn, wat dunn den neien Hären an dem Uert den Numm ginn huet.

D'Buerg staamt aus dem 10. Joerhonnert. Am 13. Joerhonnert koum d'Buerg déi den Häre vu Branebuerg gehéiert huet un d'Haus Neierbuerg.

Mat dem leschte männlechen Nokomme vun de Branebuerger dem Henri Théodore François vu Branebuerg, Bouf vum Florent vu Branebuerg an deem senger Fra der Madeleine vu Montmorency ass 1685 d'Dynastie op en Enn gaangen, well den Henri Théodore dat Joer Kapuzinerpater gouf[1].

D'Buerg huet duerno follgenden Häre gehéiert: Haraucourt, Salm, Kitzingen, Stassin a Blochausen. Am 17. Joerhonnert war Buerg vun den Truppe vum de Boufflers an e Koup geschoss, an deelweis ofgerappt ginn. D'Buerg ass dunn net méi ënnerhale ginn an ass zur Ruin degradéiert.

Zanter gehéiert d'Buerg der Famill du Fays - van Delft [2], déi se 1997 dem Staat verpacht huet.

De 14. Abrëll 1936 gouf se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert[3]. 1998 gouf se restauréiert an duerno nees fir de Public zougänglech gemaach andeems e gesécherte Fousswee an der Ruin amenagéiert gouf.

Ausgruewungen[änneren | Quelltext änneren]

Gläichzäiteg mat der Restauratioun goufen och ëmfangräich Ausgruewunge gemaach. Dobäi goufe vill interessant an onerwaart Saache fonnt, wéi zum Beispill e Pëtz an eng Kanoun.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • E massiven dräistäckege Buergfrid;
  • d'Ruin vun enger gotescher Kapell;
  • verschidden Tierm;
  • grouss Kelleren;
  • e réimesche Steen, dee riets vun der Haaptpaart agebaut ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 12-35)

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Branebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. « Sambre-et-Meuse » Organe officiel du Cercle des XV 3ème série n°2 Janvier 1937
  2. Die Gemeinden Bastendorf, Fouhren, Tandel, Buch 1 (2019), Kapitel 1, Le château de Brandenbourg, pages 73, 122-123, 192.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Oktober 2022).