Millebaach (Blees)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Millebaach enger Niewebaach vun der Blees. Fir aner Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach.
De Laf vun der Millebaach (giel).

D'Millebaach ass eng Baach um Territoire vun der Gemeng Tandel.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun der Wurmeschterbaach an der Scheedsbaach op enger Héicht vun 320 m um Ausleefer vum Hirzheckbësch nërdlech vu Branebuerg. Vun do aus leeft se no Süden, fir no engem Laf vu ronn 1.600 Meter zu Branebuerg op enger Héicht vun 260 m an d'Blees ze lafen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]