Wurmeschterbaach

Vu Wikipedia

D'Wurmeschterbaach ass eng kleng Baach um Territoire vun der Gemeng Tandel am Norde vu Branebuerg.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwéi Grief op enger Héicht vu 430 Meter am Norde vu Laaschent, an enger Griecht tëscht den Häng vun de Bëscher mat den Nimm Schlaken a Wurmeschbierg.

Vun do aus leeft se no Süden, fir no ronn 1.700 um Ausleefer vum Hirzheckebierg mat der Scheedsbaach zesummenzelafen an d'Millebaach en Niewefloss vun der Blees ze bilden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]