Pierre Schaack (Architekt)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt Pierre Schaack. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Schaack. |
| Pierre Schaack | |
|---|---|
| Gebuer | 17. Januar 1906 |
| Gestuerwen | 30. Mäerz 1980 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Architekt |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
|
| |
De Pierre Schaack, gebuer de 17. Januar 1906 zu Dikrech, a gestuerwen den 30. Mäerz 1980 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt.
No sengem Secondaire zu Dikrech huet de Pierre Schaack 1931 op der École nationale supérieure d'architecture Saint-Luc zu Gent de „grousse Präis“ an der Architektur kritt.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Ëmbau vun der Villa Louvigny an der Stad (zesumme mam Pierre Reuter, Nicolas Schmit-Noesen an Hubert Schumacher)
- Gebai vun der fréierer Europaschoul um Lampertsbierg, 1957
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 209
