Léon Lommel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Léon Lommel
LLommel.jpg
Gebuer 3. Februar 1893
Gemeng Noumer
Gestuerwen 11. Juni 1978
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bëschof
Wikidata-logo-without-paddings.svg
De Wope vum Bëschof Leo Lommel
Grafplack vum Bëschof Lommel an der Krypta vun der Kathedral
Monument fir de Bëschof Leo Lommel zu Kruuchten
De Bëschof Leo Lommel bei enger Firmung den 28. Juni 1961 zu Kolpech

De Mathias Léon Lommel, gebuer den 3. Februar 1893 um Schleederhaff bei Kruuchten, a gestuerwen den 11. Juni 1978 war de 5. Bëschof vu Lëtzebuerg.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Als eelste vun aacht Kanner vum Bauer Henri Lommel an der Susanne Beringer geet de Leo Lommel an den Iechternacher Kolléisch, op d'Cours supérieurs an 1913 op Roum op déi peepstlech Universitéit Gregoriana. Während der Sedisvakanz nom Doud vum Pius X. am Joer 1914 a bei de Kréinungsfeierlechkeete vum Benedikt XV., dem Pätter vum spéidere Groussherzog Jean, huet hien an der Schwäizergarde gedéngt. Bedéngt duerch de Krich huet hie misse vun 1914-1918 säi Studium vun der Theologie, der Philosophie an der Konschtgeschicht zu Innsbruck weiderféieren.

Den 13. Juli 1919 gouf de Leo Lommel zu Innsbruck zum Geeschtleche geweit. Bei senger Primiz war och d'Groussherzogin Charlotte derbäi. Am Joer 1923 gouf hie Professer fir Philosophie a Konschtgeschicht um Grand Séminaire zu Lëtzebuerg an 1926 gouf hien Aumônier vum kathouleschen Akademikerveräin. Hien huet sech och agesat fir d'Pax-Romana Bewegung. Niewebäi huet hien och am Luxemburger Wort konschtkritesch Artikelen verëffentlecht. "D'Konscht gehéiert zu de wichtegste Liewensäusserunge vun enger bestëmmter Zäit, enger bestëmmter Kultur", esou gëtt hie fir seng Konschtastellung zitéiert [1]. Unerkennung krut hien och duerch seng Kommentaren zu der Krankemass, déi zanter 1936 vun RTL Radio Lëtzebuerg eemol d'Woch iwwerdroe gouf.

De 6. Mee 1941 gouf hie vun der Gestapo a Frankräich ausgewisen, wou hien tëscht 1941 a 1944 an der Diözes Autun, am Dekanat Paray-le-Mondial Paschtouer vun de Pare Saint-Yan a Saint-Germain-des Rives war.

Nom Krich iwwerhëlt hien d'Plaz vum Professer fir Dogmatik um Stater Seminaire.

De 14. Mee 1949 gouf hien zum Titularbëschof vun Nephelis a Koadjutor vum Bistum Lëtzebuerg ernannt. Den 29. Juni 1949 huet de Kardinol Fernando Cento en zum Bëschof geweit. Hie gouf den 21. Oktober 1956 Bëschof vu Lëtzebuerg an den 12. Februar 1971 gouf de Jean Hengen säin Nofolger.

De 16. Juni 1978 gëtt hien am Scheedpunkt vum Chouer an der Krypta vun der Kathedral ënner dem Bild vu Christus begruewen.

Wierken[änneren | Quelltext änneren]

Dem Leo Lommel louch d'Veréierung vun der Tréischterin besonnesch um Häerz.

Als Konschtexpert huet hien d'Chouerfënsteren[2] vun der Kathedral entworf, déi tëscht 1935 an 1938 vergréissert gouf. "An de Glasfënstere vun der Kathedral hu mir der neier franséischer Konscht zum Duerchbroch verhollef", gëtt hien zitéiert[1]. Nom Krich war hien dacks als Beroder vu kierchleche Bauwierker täteg.

1966 huet hien d'Dräihonnertjoerfeier vun der Muttergottesoktav zelebréiert.

Zu Iechternach huet de Leo Lommel och d'Veréierung vum Hellege Willibrord, dem Patréiner vum Benelux, gefërdert an der Sprangprëssessioun en neien Opschwong ginn. Zesumme mam Kulturminister Pierre Frieden, mat deem hien am Iechternacher Kolléisch war, fërdert hien den Erëmopbau vun der Iechternacher Basilika, déi de 26. Dezember 1944 vun den Nazi gesprengt gouf. Den 20. September 1953 konsekréiert hien d'Basilika.

Um Zweete Vatikanesche Konzil ass de Leo Lommel en engagéierten a begeeschterte Konzilspapp. Hien ënnerstëtzt besonnesch d'Ëmsetze vun der Liturgiereform. Sou gouf 1963 de Chouer vun der Kathedral nei amenagéiert an den 8. Dezember 1963 ass d'Kathedral och feierlech konsekréiert ginn. Dës Konsekratioun war duerch de Bëschofswiessel 1936 an duerch Krichsjoren 1940-1945 ëmmer erëm op besser Zäite verréckelt ginn.

Am Hellege Joer 1950 begleet hien eng grouss Grupp vu Lëtzebuerger Pilger op Roum. Am Kader vum der Dräihonnert-Joer-Feier vun der Erwielung vun der Tréischterin am Leed zur Stadpatréinesch reest hien extra an d'USA fir d'Lëtzebuerger an Amerika op dës besonnesch Feier anzelueden.

A sengem Faaschtenhierdebréif kënnegt hien 1969 déi 4. Diözesesynod un.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Bëschofswope gëtt sou beschriwwen: "Parti: au I d'argent au lion de gueules, armé, lampassé et couronné d'or, la queue fourchue et passée en sautoir, au II d'azur semé d'étoiles d'argent, le monogramme de la Sainte Vierge couronné du même, brochant."

Als Bëschofsdevise huet de Léon Lommel en Zitat aus dem Psalm 79 Vers 13 gewielt: nos autem populus tuus - Mir awer däi Vollek.

De Bëschofswopen ass iwwer dem Agank vun der Krypta an der Iechternacher Basilika a Stee gemeesselt an och enger Fënster vun der Hareler Kierch ofgebillt [3].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Jeck Marc, "Ein beispielhafter Pfarrer", Leben und Wirken des Luxemburger Bischofs Leo Lommel, Luxembuerger Wort, 3./4, Februar 2018, S. 27.
  2. Die Chorfenster der Kathedrale Unserer Lieben Frau von Luxemburg Fotos: Guy Wolff (LW) Text: Jean-Louis Gindt
  3. Glasmolerei an der Hareler Kierch
  4. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960
Virgänger BishopCoA PioM.svg Nofolger
Joseph Laurent Philippe Lëscht vun de Bëscheef Jean Hengen