Lëscht vun de lëtzebuergesche Bëscheef
Ausgesinn
Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Bëscheef an hire Virgänger, den Apostoulesche Vikaren, ass en Deel vun de Referenztabellen.
Apostoulesch Vikaren:
- Johann Theodor Van der Noot, Kierchleche Prefekt vu Lëtzebuerg vun 1833 un an Apostolesche Vikar vun 1840 bis 1841 vum 1840 nei gegrënnten Apostolesche Vikariat Lëtzebuerg
- Johannes Theodor Laurent, Apostolesche Vikar vun 1841 bis 1856, nodeem hien awer schonn 1848 Lëtzebuerg huet misse verloossen
- Nicolas Adames, Apostolesche Provikar vun 1848 un an Apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg vun 1863 bis 1870
Bëscheef vu Lëtzebuerg:
- Nicolas Adames, Bëschof vu Lëtzebuerg vun 1870 bis 1883 vum 1870 nei gegrënnte Bistum Lëtzebuerg
- Johannes Joseph Koppes, Bëschof vu Lëtzebuerg vun 1883 bis 1918
- Pierre Nommesch, Bëschof vu Lëtzebuerg vun 1920 bis 1935
- Joseph Laurent Philippe, Bëschof vu Lëtzebuerg vun 1935 bis 1956
- Léon Lommel, Bëschof vu Lëtzebuerg vun 1956 bis 1971
- Jean Hengen, Bëschof vu Lëtzebuerg vun 1971 bis 1988
Äerzbëscheef vu Lëtzebuerg:
- Jean Hengen, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg vun 1988 bis 1991
- Fernand Franck, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg vun 1991 bis 2011
- Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg zanter dem 16. Oktober 2011 an den éischte Lëtzebuergesche Kardinol zanter dem 5. Oktober 2019
Weibëschof vu Lëtzebuerg
- Leo Wagener, Weibëschof vu Lëtzebuerg zanter dem 29. September 2019