Johann Theodor Van der Noot

Vu Wikipedia
Johann Theodor Van der Noot
Gebuer 6. Abrëll 1769
Gestuerwen 19. Abrëll 1843
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister

De Johann Theodor Van der Noot, gebuer de 6. Abrëll 1769 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 19. Abrëll 1843, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.[1]

Hien huet zu Louvain studéiert a gouf de 14. Mai 1797 zu Mechelen zum Priister geweit.[2] Kuerz drop krut hien eng Plaz als Paschtouer zu Izeg. 1824 gouf hien Dechen zu Beetebuerg, 1832 Paschtouer zu St. Péiter (der spéiderer Kathedral) an der Stad a Generalvikar fir Lëtzebuerg. De 17. Dezember 1833 ass de Van der Noot zum Apostolesche Vikar fir d'Stad an d'Festung Lëtzebuerg ernannt ginn.

Den 2. Juni 1840 ass d'Groussherzogtum Lëtzebuerg en apostolescht Vikariat ginn an de Van der Noot Apostolesche Vikar. Den 8. November 1841 huet hie seng Demissioun eragereecht, gouf awer gebieden, am Amt ze bleiwen, bis datt säin Nofollger, de Bëschof Jean-Théodore Laurent ukéim. Deem seng Ernennung ass den 1. Dezember 1841 geschitt, gouf awer bis de 6. Februar 1842 geheim gehalen, an de Van der Noot huet eréischt den 20. Februar 1842 säin Depart an d'Ernennung vu sengem Nofollger bekannt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg, Nr. 32, 22. Abrëll 1843, S. 3 (Nekrolog).[1]
  • Malget, Jean: Johann Theodor Van der Noot. In: Biographisch-bibliographisches Kirchenlexikon. Band VI (1993), Spalten 1010-1014.[2]
  • Malget, Jean: »Ein einfacher und schlichter Priester«. Vor 150 Jahren starb Johann-Theodor Van der Noot, Apostolischer Vikar für Luxemburg. In: Die Warte, 13/1659, 22. April 1993, S. 1.
  • Neyen, Auguste: Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 2. P. Bruck, Luxembourg 1861, S. 186-188.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dësen Artikel baséiert op den Donnéeën, déi de Jean Malget am "Kirchenlexikon" an an der "Warte" publizéiert huet, an déi sech zum Deel vun deenen ënnerscheeden, déi den Auguste Neyen an aner Auteure ginn.
  2. Laut Malget; aner Auteure ginn "Tréier" un.