Iechternacher Sprangpressessioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sprangpressioun)
D'Sprangpressessioun, Mee 2008
D'Sprangpressessioun, uganks 1900

D'Iechternacher Sprangpressessioun ass e reliéise Cortège, deen all Joer op Päischtdënschdeg zu Iechternach ofgehale gëtt. Op eng Zort Polkamelodie sprangen d'Participanten a Reien, duerch d'Stroosse vun der Stad an dann an d'Basilika, bei d'Graf vum hellege Willibrord.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Form vun der Sprangpressessioun geet an d'19. Joerhonnert zeréck. Mä Temoignage loossen hir Originn bis an d'Spéitmëttelalter zeréckverfollegen.

Zäit vun der Abtei bis d'Franséisch Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Quell ass déi vum Abbé Thiofrid († 1110), dee vun enger Pilgerpressessioun bei d'Graf vum Willibrord geschriwwen huet. Et goung doran awer keng rieds vun engem Danz. Am Mëttelalter goufen déi Gemengen, déi vun der Iechternacher Abtei ofhängeg waren, dozou forcéiert, an der Päischtwoch hiren Undeel fir d'Kierch ofzeginn. Dëst huet sech Bannpressessioun genannt. 1497 goufen an engem Justiztext "Helleger, déi danzen" ernimmt. Déi éischt bildlech Representatioun vun der Sprangpressessioun geet zeréck op d'Joer 1604.

Wéi et zum Danzen oder Sprange koum, ass net ganz kloer: De Willibrord, wéi och de Jang den Deefer an de Väit (Vitus)[1] , waren Helleger zu deene bei Nervekrankheeten, Krämp oder Epilepsie gebiet gouf. Ausdréck wéi "Wilwertskränkt", "Iechternacher Krankheet" oder och nach "Krankheet vum Hellege Jang" goufen dacks mat der Sprangpressioun a Verbindung bruecht. Et ass dofir unzehuelen, datt Kranker, wéi z. B. Spastiker, an der Pressessioun matgefouert goufen, oder awer d'Leit an der Pressessioun sech sou beweegt hunn, fir dës Krankheeten net ze kréien. Eng aner Theorie seet, datt d'Sprangpressioun sech aus enger "ziviliséierter" Form vun de Gäisselpressessiounen entwéckelt huet, déi besonnesch am 14. Joerhonnert als "Mëttel" géint d'Pescht verbreet waren.

Am 18. Joerhonnert, dem Joerhonnert vun der Opklärung, gouf dat Gesprangs souwuel vu weltlecher wéi vu kierchlecher Säit ëmmer méi kritiséiert. Déi eng hunn et als Ausdrock vun Obskurantismus gesinn, déi aner hunn d'"Entgleisunge" bedauert, wann d'Leit ze vill excitéiert goufen. Sou huet den Tréierer Bëschof 1777 d'Sprangpressessioun verbueden, well se "net vernënfteg" wier. Och de Jousef II. huet 1786 all Pressessioune verbidde gelooss, huet dat Verbuet awer geschwënn duerno nees ophiewe gelooss, warscheinlech, well souwisou kee sech dru gehalen huet. Dat Hin an Hier goung virun: d'Franséisch Revolutioun huet se verbueden, den Napoleon huet se 1801 erëm erlaabt. D'Fraen hunn d'Recht kritt, matzemaachen.

Zäit nom Konkordat vun 1801[änneren | Quelltext änneren]

1825 huet de Wëllem I. dekretéiert, d'Sprangpressessioun vum Päischtdënschdeg op Päischtsonndeg ze réckelen, fir sou keen Aarbechtsdag ze verléieren. E schéngt domat kee Succès gehat ze hunn, well 1830 gouf deen Dekreet nees opgehuewen. Déi eenzeg Period an der rezenter Geschicht, an där d'Sprangpressessioun net ofgehale gouf, war an der Nazi-Okkupatiounszäit 1940-1944.

D'Sprangpressessioun haut[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags gëtt d'Sprangpressessioun vum Willibrordus-Bauveräin organiséiert, deen och d'Reiefolleg vun de Pilger- a Museksgruppen, de Parcours, asw. festleet.

Den Danzschrëtt ass néierens festgeschriwwen. Deen éischte Film-Temoignage weist, datt am Ufank vum 20. Joerhonnert verschidde Leit e puer Schréck no vir, dann nees zeréckgespronge sinn. Dacks waren dat dräi Schrëtt no vir an zwéin no hannen. Dës Reegelung, déi ëmmer erëm fir Chaos gesuergt huet, a warscheinlech net historesch ass, gouf 1947 definitiv ofgeschaaft. Zanterhier spréngt ee vum rietsen op dee lénkse Fouss, heiansdo, andeems een d'Been schwéngt.

Opgestallt gëtt sech am Abteishaff a Reien zu 5, an deene jiddweree sech u sengem Noper mat engem wäissen Nuesschnappech unhält. Et ass keng Tenue virgeschriwwen, vill Sprénger passe sech awer der traditioneller Tenue vun den Iechternacher Sprénger un: Schwaarz Box/Jupe a wäisst Hiem oder Blus, folkloristesch Tenuen (z. B. "Dirndl") sinn net zougelooss. Gespronge gëtt am Rhythmus vun enger traditioneller Polkas-Weis.

D'Motivatioun, bei der Sprangpressessioun matzemaachen, ass haut souwuel eng reliéis, wéi och eng traditionell: fir vill Schüler aus dem Iechternacher Kolléisch ass et z. B. nach ëmmer eppes ganz Besonnesches, do matzesprangen.

2020 ass d'Sprangpressesssioun wéinst der COVID-19-Pandemie ausgefall, a gouf duerch eng Presenz an de Medien op Päischtdënschdeg (2. Juni 2020) ersat. Och 2021 gouf d'Sprangpressessioun wéinst der COVID-19-Pandemie ofgesot.

Metaphoresche Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner gëtt d'Iechternacher Sprangpressessioun gär als Bild oder Verglach geholl, fir auszedrécken, datt eppes just schwéierfälleg an no vill Gedeessems virugeet.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Seiler Emile, Springprozession - Ausdruck heutiger Frömmigkeit?. Luxemburger Wort, 12. 05. 1970
  • Seiler Emile, D'Eechternacher Sprangprëssëssioun. Appel, Organ vun de Lëtzebuerger Guiden 1983/84, Nr. 5, S. 10-14
  • Seiler Emile, Die Echternacher Springprozession. Pressemappe Poopstvisite zu Lëtzebuerg (15 a 16 Mee 1985)
  • Seiler Emile, La procession dansante d'Echternach "Louez Dieu par les cordes et les flûtes, louez-le par la danse et le tambour" (Ps. 150,4). Voix Nouvelles. Chant liturgique et musiques sacrées, No 63, Janvier 2009, p. 30-31.
  • Seiler Emile, Luxemburger Wort, Die Warte, iwwer 20 Artikelen iwwer d'Sprangpressessioun am Laf vun der Zäit.
  • Krack, Paul, 1999. Relicts of dancing mania: The dancing procession of Echternach. Neurology 53: 2169.
  • Langini, Alex, 1977. La Procession dansante d'Echternach: Son origine et son histoire, Echternach, SIT.
  • Langini, Alex, 2011. Die Echternacher Springprozession: immaterielles Kulturerbe der Menschheit. Echternach: Willibrordus-Bauverein, 51 S.
  • Wilhelm, Frank, 1992. Mysteriös, einmalig und bunt. Voilà Luxembourg Nr. 4: 90-101.

Filmer an Dokumentarfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Immateriellt Kulturierwen[änneren | Quelltext änneren]

D'Iechternacher Sprangpressessioun steet zanter dem 26. Juni 2008 op der nationaler Lëscht vum immaterielle Kulturierwen an zanter dem 16. November 2010 op der Representativer Lëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet vun der UNESCO[2][3][4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iechternacher Sprangpressessioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gerry Erang, Dance til you drop! Sorcerers and steamy dancing mania in Echternach RTL Today, 21.08.2019
  2. Schonn ënner der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges waren 2002 d'Beméiungen ugelaf, d'Iechternacher Sprangpressessioun op d'Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder vun der UNESCO ophuelen ze loossen.
  3. D'Sprangpressessioun um Site vum ich.unesco.org
  4. (lb)D'Iechternacher Sprangprëssessioun. https://iki.lu+(20.04.2023).+Gekuckt de(n) 01.10.2023.