Diskussioun:Iechternacher Sprangpressessioun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

ech wosst dach dat et klappt. artikel ustoussen an leit dei sech domat auskennen ruloosen. Dee Väit vun deems de do schreifs, ass dat deen Veit mat der Gei deen sollt gehaangen gin wei en ausm Orient remkoum? --Thorben 18:12, 8 Nov 2004 (UTC)

Väit[Quelltext änneren]

Et ass deen, wouno de "Veitstanz" benannt ass. Wat dee gudde Mann alles gemaach huet, fier helleg ze ginn, kann ech elo hei net soen, kinnt ech awer nokucken. Zinneke 18:52, 8 Nov 2004 (UTC)

"An der Literatur ernimmt gouf d’Iechternacher Sprangprëssessioun ë.a. beim Guillaume Appolinaire a Clara Viebig." A watfir Texten ass dat ze fannen? Merci am Viraus. --Cornischong 18:34, 8 Nov 2004 (UTC)

Moie Cornichong,

leider huet méng Quell (dem Wilhelm säin Artikel) dat nët verroden... Ech kucken emol, soss enzwouch eppes dozou ze fannen. Zinneke 18:47, 8 Nov 2004 (UTC)

Thorben, du bass jo vun doawn aus der Géigend, ech warden dann emol op eng schéi Foto vum Gesprangs :-)

--Briséis 19:12, 8 Nov 2004 (UTC)

Gudde Moien

Den DFL gëtt entweder Pressessioun oni Treema a Pressioun un.

Wat soen déi aner gescheit Bichien Les Meloures 12:04, 2 Mee 2007 (UTC)

DLW: Pressessioun (mat Treema) an Pressioun. --Pecalux 12:25, 2 Mee 2007 (UTC)

Kulturgidder[Quelltext änneren]

De 16. November 2010 huet d'UNESCO zu Nairobi d'Iechternacher Sprangprëssessioun op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder gesat.[1]

Soll domat net vläicht d'Kulturierfschaft gemengt sinn.

--Les Meloures (Diskussioun) 07:46, 22. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

Jo, dat ass dat selwecht: "D’Iechternacher Sprangpressessioun ass de 26. Juni 2008 an den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen opgeholl ginn an de 16. November 2010 an d’UNESCO-Repräsentativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet ageschriwwe ginn."[2] --Sultan Edijingo (Diskussioun) 08:05, 22. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
  1. Schonn ënner der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges waren 2002 d'Beméiungen ugelaf, d'Iechternacher Sprangprëssessioun op d'Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder vun der UNESCO ophuelen ze loossen.
  2. iki.lu