Lycée classique d'Echternach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Iechternacher Kolléisch)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lycée classique d'Echternach
De Lycée am fréieren Iechternacher Klouschter
Iechternacher Lycée (LCE)
Typ Secondairesschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Leedung Henri Trauffler
Schülerzuel 1.161
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 1841
Um Spaweck https://www.lce.lu/
Loftopnam vum LCE

De Lycée classique d'Echternach, kuerz LCE genannt, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Iechternach. Entgéint sengem Numm funktionéiert de Lycée net nëmmen als Classique, mä och als General.

De Lycée ass am Gebai vun der fréierer Iechternacher Abtei.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

De Willibrord, Grënner vun der Iechternacher Abtei, hat schonn 697 / 698 eng Schoul an der Abtei gegrënnt, sou datt den Iechternacher Lycée gär als eelst Schoul vum Land bezeechent gëtt[1].

1841 gouf de Progymnase d'Echternach gegrënnt, aus deem mam Gesetz vum 23. Juli 1848[2] d'École moyenne et industrielle d'Echternach ginn ass. D'Reform vun 1869 huet de Progymnase nees retabléiert[3], deen dann de 17. Abrëll 1900[4] zum Gymnase d'Echternach ginn ass.

Duerch den Arrêté grand-ducal vum 30. Juni 1945[5] krut d'Schoul dunn den aktuellen Numm Lycée classique d'Echternach.

Ursprénglech nëmme fir Jongen accessibel, ass de Lycée zanter 1969 och fir Meedercher op[6].

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Internat[änneren | Quelltext änneren]

Zur Schoul gehéiert och en Internat.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Institution Saint-Willibrord.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch 1841 - 1991, Lycée classique d'Echternach, 1992
  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 2. Das Gymnasium in Echternach. S. 20-29, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lycée classique d'Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cadre historique – Lycée Classique d'Echternach. www.lce.lu. Gekuckt de(n) 24.09.2022.
  2. LOI sur l'Enseignement supérieur et moyen, du 23 juillet 1848, n° 1. legilux.lu (23.07.1848). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
  3. Festschrëft 1992, S. 92ss.
  4. Loi du 17 avril 1900 concernant la transformation du progymnase d'Echternach en gymnase complet et la fixation du traitement du directeur de l'école industrielle et commerciale de l'Athénée. legilux.lu (17.04.1900). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
  5. Arrêté grand-ducal du 30 juin 1945 portant nouvelle dénomination des Gymnases de Luxembourg, Diekirch et Echternach. lefgilux.lu (30.06.1945). Gekuckt de(n) 24.09.2020.
  6. Règlement grand-ducal du 27 juin 1969 portant création de classes mixtes au Lycée classique de Diekirch, au Lycée classique d'Echternach et au Nouveau Lycée de Luxembourg. legilux.lu (27.06.1969). Gekuckt de(n) 24.09.2022.