Fernand Bauer

Vu Wikipedia
Fernand Bauer
Gebuer 15. Oktober 1942
Gestuerwen 3. Januar 2007
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler

De Fernand Bauer, gebuer de 15. Oktober 1942 zu Lëtzebuerg, gestuerwen den 3. Januar 2007 zu La Panne, war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser a Schouldirekter.

Dem Fernand Bauer seng ganz Carrière huet sech am Iechternacher Kolléisch (LCE) ofgespillt, wou hien den 1. Dezember 1966 als Stagiaire ugefaangen an 1969 seng Nominatioun als Professer kritt huet. 1974 gouf hien "directeur adjoint". Vun 1980 u war hien "directeur ff." Offiziellen Direkter war weiderhin de Jean Schon, deen op Bréissel détachéiert gi war, fir do d'Direktioun vun der Europaschoul z'iwwerhuelen. Wéi de Jean Schon 1988 an d'Pensioun goung, konnt de F. Bauer "richtegen" Direkter vum LCE ginn, bis zu sengem Depart an d'Pensioun uganks 2003.

Syndikalistesch war de Fernand Bauer aktiv als Sekretär vun der APESS (Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur), an zwar vun 1971-1974,[1] duerno als President vun der ADUSE (Association des universitaires au service de l'État).

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bauer, F., 1983. À la mémoire de Justine Grotz, professeur au Lycée [classique][2] d'Echternach. Luxemburger Wort 1983, Nr. 97 (27. Abrëll), S. 4.
  • Bauer, F., 1992. Le Lycée classique d'Echternach: une école moderne dans un cadre chargé de tradition. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, S. 225-232.
  • Bauer, F., 1997. Un hommage à un grand seigneur de l'enseignement luxembourgeois: Mathias Thinnes, directeur honoraire du Lycée classique d'Echternach, ancien directeur des Écoles européennes de Karlsruhe et de Varese, vient de nous quitter. Luxemburger Wort 1997, Nr. 280 (5. Dezember), S. 9.
  • Bauer, F., 2005. À la mémoire du professeur honoraire Joseph Hallé (1926-2005). Luxemburger Wort 2005 (23. Mäerz), S. 26 [64].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus, 2007. Früherer Direktor des LCE, Fernand Bauer, gestorben. Luxemburger Wort 2007 (5. Januar), S. 22.
  • Sch., J., 2003. Direktor Fernand Bauer nahm Abschied vom "Lycée classique Echternach". Luxemburger Wort 2003 (7. Januar), S. 11.
  • Schmitz, E., 2007. In memoriam Fernand Bauer. Luxemburger Wort 2007 (30. Mäerz), S. 78.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 100 ans. Chronique de l'APESS. Éditions de l'APESS, Diekirch 2006, S. 523.
  2. Am Titel vum Zeitungsartikel steet: Lycée technique.