Luxembourg Air Rescue

Vu Wikipedia
Luxembourg Air Rescue
LAR Logo
Ofkierzung LAR
Zweck D'Liewe vu Mënschen an Nout retten an hir Gesondheet erhalen[1]
Grënnungsdatum 18. Abrëll 1988
Memberen 183.000
Mataarbechter Iwwer 190
Sëtz Fluchhafe Lëtzebuerg
President René Closter
Den « LX-RHC » als Gate guardian beim Hangar vun der LAR um Findel

D'Luxembourg Air Rescue, kuerz LAR, ass eng gemengnëtzeg Organisatioun an déi eenzeg Lëtzebuerger Fluchgesellschaft am Beräich vun der Loftrettung. D'LAR ass e wichtegen Deel vum lëtzebuergesche Rettungsdéngscht.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Enn 2019 hat d'Air Rescue ca. 183.000 affiliéiert, d. h. Memberen ouni Stëmmrecht[2]. Dogéint stounge 45 (2002)[3], 53 (2006)[4] respektiv 62 (Mee 2017)[5] Vollmemberen, "membres exécutifs", déi eleng all d'Rechter hunn, wéi se d'Gesetz vum 21. Abrëll 1928 iwwer d'Veräiner ouni Gewënnzweck zu Lëtzebuerg virgesäit. President ass de René Closter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 18. Abrëll 1988: Grënnung vun der Luxembourg Air Rescue (LAR A.s.b.l.)
  • 1. Mäerz 1989: Mam Fluchbetrib ass um Terrain vum Fluchhafe Lëtzebuerg mat engem geléinten Helikopter ugefaange ginn.
  • 15. Juni 1989: Unerkennung vun der Stëftung Luxembourg Air Rescue als eng gemengnëtzeg Organisatioun duerch e groussherzoglecht Reglement
  • 1. November 1991: Integratioun an de Lëtzebuerger Rettungsdéngscht SAMU, wat dësem erméiglecht an enger Zäit vu max. 8 Minutten op all Punkt vu Lëtzebuerg ze sinn.
  • Abrëll 1995: Den deemolegen Ierfgroussherzog Henri iwwerhëlt d'Schiermherrschaft vun der LAR. Den zweeten Helikopter vum Typ Écureuil kënnt zum Asaz.
  • Mee 1995: Upassung vum LAR-Fluchbetrib un d'Bedingunge vun den internationale Fluchriichtlinnen „JAR-OPS“.
  • 19. Juli 1996: Flottewiessel: Asaz vun zwéin neien Helikoptere vum Typ „MD 900“ an Ouverture vun der zweeter Fluchbasis „Ettelbréck
  • November 1999: Den éischten Ambulanzfliger vum Typ „King Air B200“ fir Réckféierungsflich an Europa an an Nordafrika (LX-DUC) gëtt a Betrib geholl.
  • Abrëll 2000: Den Ambulanzfliger vum Typ „Learjet 35A“ fir weltwäit Réckféierungsflich (LX-ONE) gëtt a Betrib geholl.
  • 1. Januar 2001: Am Optrag a fir d'Lëtzebuerger Police hëlt d'LAR en zousätzlechen Helikopter vum Typ „MD 900“ a Betrib. All Käschten déi fir deen Helikopter ufale gi vun der Police iwwerholl.
  • 9. Juli 2002: ISO 9001:2000-Zertifizéierung fir all Beräicher.
  • September 2002: Déi fënnef Haaptloftambulanzorganisatiounen: Rega (CH), DRF (D), ADAC (D), Tyrol Air Ambulance (A) an LAR (L) ënnerschreiwen eng Qualitéits-Charta.
  • August 2003: Den zweeten Ambulanzfliger vum Typ „Learjet 35A“ fir weltwäit Réckféierungsflich (LX-LAR) gëtt a Betrib geholl. Dëse Fliger ersetzt den Ambulanzfliger LX-DUC.
  • 26. Dezember 2003: Op Ufro vum lëtzebuergeschen Ausseministère, „Direction de la Coopération“, flitt d'LAR mat béiden Ambulanzjeten an d'Äerdbieweregioun „Bam“ am Iran. Zesumme mat der Rettungshondsstaffel vum Lëtzebuerger Roude Kräiz leeschte s'op der Plaz Katastrophenhëllef. Humanitär Asätz gehéieren zum Asazspektrum vun der LAR.
  • Februar 2004: Äerdbiewenhëllef a Marokko.
  • Januar 2005: No der Tsunami-Katastroph huet d'LAR en eegent medezinescht Team an dat Gebitt geflunn fir Hëllef ze leeschten.
  • März 2005: Den LAR-Helihangar zu Ettelbréck gëtt ageweit an den Helikopter „Air Rescue 2“ ass elo fest do stationéiert. Domat geet d'Asazbereetschaft am Éislek an d'Luucht, d'Käschte ginn duerch deeglech Flich vun an op d'Basis Fluchhafe Lëtzebuerg gespuert.
  • 2008: D'LAR feiert 20 Joer
  • November 2011: Déi zwéin éischt Learjetten 45XR ginn a Betrib geholl (LX-LAA, LX-EAA)
  • 5. Juni 2012: En vue vun enger Homogeenisatioun verléisst d'Cessna Citation Mustang d'LAR Flott
  • November 2012: D'LAR begréisst säin 185.000te Member
  • 1. Januar 2013: De Control Center vun der LAR iwwerhëlt d'Gestioun an d'Koordinatioun vun den Organtransporter a Frankräich (ausser fir d'Regioun vu Paräis)
  • 2013: D'LAR feiert 25 Joer
  • 12. Juni 2014: De Grondstee fir déi nei Operatiounszentral vun der LAR um Findel gëtt geluecht
  • 8. Dezember 2014: E weidere Learjet 45XR vergréissert d'LAR Flott (LX-ONE)
  • 3. November 2016: Weltwäit Unerkennung fir d'professionell Aarbecht an der Loftrettung: "Best Air Ambulance provider Worldwide"
  • 1. Dezember 2016: E weidere Learjet 45XR vergréissert d'LAR Flott (LX-RSQ)
  • Mai 2018: D'LAR feiert 30 Joer
  • 30. Juli 2019: De sechsten Learjet 45XR kënnt un (LX-TWO)
  • 28. März 2020: COVID-19: D'LAR hëlleft dem Grand Est a flitt COVID-19-Patienten aus dem Grand Est op Lëtzebuerg an an Däitschland
  • 1. April 2020: 5. SAMU stationéiert am Findel
  • 16. Dezember 2020: D'LAR gitt zesumme mat der DRF mat dem Adenauer-De Gaulle-Präis ausgezeechent "für herausragende grenzüberschreitende Leistungen in der Corona-Krise"

Flott[änneren | Quelltext änneren]

Den LX-TWO um Findel

Sechs Learjet 45XR

  • LX-LAA
  • LX-EAA
  • LX-ONE
  • LX-RSQ
  • LX-LAR
  • LX-TWO
Den MD Explorer 902 Helikopter LX-HRC vun der LAR zu Mamer

Sechs MD Explorer 902 Helikopteren

  • LX-HMD
  • LX-HPG
  • LX-HMS
  • LX-HRC
  • LX-HAR
  • LX-HSR

Ruffzeechen[änneren | Quelltext änneren]

  • Wann Helikopteren z. B. vum Tower geruff ginn, da gëtt d'Ruffzeechen Air Rescue benotzt, z. B. Air Rescue 3
  • Wa Fligere geruff ginn, da gëtt d'Ruffzeeche Lion King benotzt, z. B. Lion King 1 Ambulance

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luxembourg Air Rescue – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LAR.LU: Unsere Werte
  2. legilux.lu, Memorial C 1720, 24. August 2010
  3. legilux.lu Memorial C 1694, 27. November 2002, mat der Lëscht vun de 45 Leit
  4. legilux.lu, Memorial C 1874, vum 6. Oktober 2006
  5. rcsl.lu Registre de Commerce et des Sociétés, 3. Mee 2017