Foussgänger

Vu Wikipedia
E Foussgänger a Beweegung

E Foussgänger ass eng Persoun déi sech zu Fouss fortbeweegt, andeem se geet oder leeft, am Géigesaz zu enger déi e Gefier benotzt. De Foussgänger zielt zur duusser Mobilitéit.

D'Vitess vun engem Foussgänger läit bei ronn engem Meter pro Sekonn (m/s), dat entsprécht 3,6 km/h. E Wanderer geet am Duerchschnëtt mat 2,5 bis 4 km/h an e Foussgänger am dichten urbanen Ëmfeld mat 4 bis 5 km/h.

Bei enger Vitess op flaachem Buedem vun ënner 4 km/h schwätzt ee vun normalem Goen. Vu 4 bis 5 km/h ass et en dynamescht, tëscht 5 a 6 km/h e séiert an iwwer 6 km/h e sportlecht Goen.

Foussgänger am Stroosseverkéier[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff vum Foussgänger ass net am Lëtzebuerger Code de la route definéiert; verschidde Stroossebenotzer sinn de Foussgänger awer gläichgesat, sou z. B. e Rollschong-oder Skateboardfuerer[1], eng Persoun an engem net-motoriséierte Rollstull[2] oder an engem motoriséierte Rollstull, deen net méi wéi mat 15 km/h fiert[3].

De Foussgänger muss och eng Rëtsch Reegelen anhalen, wéi ë. a.[4]:

  • De Foussgänger muss um Trëttoir oder um obligatoresche Wee fir Cyclisten a Foussgänger goen, soulaang dee benotzbar ass. Wa keen Trëttoir oder keen esou e Wee do ass, däerf en am Summerwee goen, wann och kee Summerwee do ass, dann däerf en op der Strooss goen;
  • en däerf nëmmen op d'Strooss trëppele wann e sécher ass, datt en dat ouni Gefor an ouni Behënnerung fir aner Benotzer maache kann;
  • e muss vertikal zur Achs vun der Strooss iwwer d'Strooss goen;
  • wann e bis am Gaang ass iwwer d'Strooss ze goen, däerf en net träntelen oder ouni Grond stoebleiwen;
  • e muss iwwer de Foussgängeriwwergank goen, wann dee bannent 30 m. z'erreechen ass;
  • bei engem Foussgängeriwwergank dee mat Luuchte gereegelt ass, däerf de Foussgänger nëmmen iwwer d'Strooss goen, wann et gréng ass oder – am Fall vun eefaarwege Luuchten - wann déi rout Luucht aus ass.

Et gëtt och nach verschidde Virschrëfte wat z. B. d'Foussgängerzon, d'Wunnzon oder d'Zon fir sech ze begéinen ugeet.

De Code de la route huet och eng Abberzuel vu Schëlter déi de Foussgänger betreffen, ë. a. déi hei drënner:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Foussgänger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publique – Art. 2 – Punkt 2.15.f). legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 14.05.2024.
  2. idem, Art. 2 – Punkt 5.3.
  3. idem, Art. 2 – Punkt 5.4.
  4. idem, Art. 162