Dräi
| 3 | |
|---|---|
| Dräi | |
|
| |
| Primzuel, Mersenne-Primzuel, Dräieckszuel, positiv ganz Zuel, ongerued Zuel, Fibonacci-Zuel, Mersenne-Zuel, Harshad-Zuel | |
| Virgänger | Zwee |
| Nofollger | Véier |
| Ordinalzuel | drëtt |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 3 |
| Deeler | 1, 3 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 1 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | III |
| Binär | 11 |
| Oktal | 3 |
| Duodezimal | 3 |
| Hexadezimal | 3 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Dräi ass d'Nofollgerin vun der Zwee an d'Virgängerin vun der Véier. Et ass déi éischt ongerued Primzuel.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]Dat réimescht Zeeche fir d'Dräi ass III.
Dräi ass och déi éischt Mersenne-Primzuel, déi éischt Fermat-Primzuel, déi zweet Sophie-Germain-Primzuel, an déi véiert Zuel vun der Fibonacci-Serie.

Den Dräieck, e Polygon mat dräi Kanten an dräi Eckpunkten, ass déi stabilst kierperlech Form. Aus dësem Grond gëtt e wäit verbreet am Bauwiesen, Ingenieurswiesen an Design benotzt. E gläichsäitegen Dräieck ass en Dräieck mat dräi gläich laange Säite resp. Kanten souwéi dräi gläiche Wénkelen vu jee 60°. E gläichsäitegen Dräieck gëtt och als reegelméissegen Dräieck bezeechent an zielt zu de reegelméissege Polygonen.

Den Dräikierperproblem vun der Himmelsmechanik besteet doran, eng Léisung fir de Bunnverlaf vun dräi Kierper ënner dem Afloss vun hirer géigesäiteger Unzéiung (Gravitatioun) ze fannen.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Dräi d'Uerdnungszuel vum Lithium.
De Kugelstärekoup Messier 3 steet am Stärebild Canes Venatici. Am Messier-Katalog dréit en d'Nummer M 3 an am NGC-Katalog ass et NGC 5272. Am Stärebild Lacerta (Eidechs) sinn dräi Oppe Stärekéip, déi mat engem mëttleren Teleskop opgeléist kënne ginn.
Relioun
[änneren | Quelltext änneren]
Vill Weltreliounen hunn dräifach Gottheeten oder Konzepter vun der Dräifaltegkeet, dorënner den hinduisteschen Trimurti an Tridevi den Triglav (lit. 'Dräikäppeg'), den Haaptgott vun de Slawen, déi dräi Bijoue vum Buddhismus, déi dräi Reng vum Taoismus, déi chrëschtlech Dräifaltegkeet, déi griichesch Gëttin Hekate an déi Dräifach Gëttin vum Wicca.
Chrëschtentum
[änneren | Quelltext änneren]
Blo: Dräifaltegkeet
Gott presentéiert sech nom Verständnis vum Chrëschtentum als Dräifaltegkeet (Trinitéit), respektiv Dräieenegkeet. Dat heescht, den eenzege Gott - déi eng gëttlech Natur besteet aus dräi verschiddene "Persounen".

Helleg dräi Kinneken oder Geléiert aus dem Mueresland ginn der chrëschtlecher Traditioun no déi Stärendeiter genannt, déi vum Stär vu Betlehem bei den neigebuere Jesus gefouert goufen.
Dräikinneksdag ass de 6. Januar. Um 13. Dag no Chrëschtdag feieren d'Chrëschten d'Epiphanie, d. h. d'Siichtbarginn vu Gott am Jesuskand dat op Chrëschtdag gebuer gouf. Dräikinnekssangen ass e Brauch, bei deem op Dräikinneksdag dräi Mënschen, déi als Helleg dräi Kinneke verkleet sinn, vun enger Dier bei déi aner heesche ginn, an dat fir e gudden Zweck.
Buddhismus
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt dräi haapt-spirituell Weeër vum Buddhismus: Hînayâna ("Klengt Gefier") oder Theravada ("Léier vun den Eelsten"), Mahâyâna ("Yâna#Mahâyâna, dat grousst GefierGrousst Gefier") a Vajrayâna dat diamantent Gefier (am Weste meeschtens als tibetanesche Buddhismus bekannt).
Konscht
[änneren | Quelltext änneren]Eng Molerei, déi aus dräi Deeler besteet, ass en Triptychon; an der Musek oder an der Literatur gëtt et Trilogie genannt. Eng Grupp vun dräi Leit an der Musek, ass en Trio.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]
- Zu Lëtzebuerg, an och a Frankräich oder an der Belsch, funktionéieren d' Verkéiersluuchten an enger Sequenz vun dräi Positiounen: rout – gréng – orange.
- Dräi Gesëschter, déi mateneen op d'Welt koumen, ginn Drillinge genannt.
- D'Dräi Kinnekräicher vu Korea waren d'Kinnekräicher Goguryeo, Baekje a Silla, op der koreanescher Hallefinsel an an der Mandschurei vum 1. Joerhonnert v. Chr. bis zum 7. Joerhonnert.
- D'Dräi Tierm, och alt Porte du Pfaffenthal genannt, gehéieren zu den eelste Bauwierker an der Stad Lëtzebuerg.
- En Dräilännereck ass dee geographesche Punkt, wou dräi Grenze vum selwechte Rang an domat och dräi gläichaarteg Territoiren (Staaten, Regiounen,...) openee stoussen.
- En Dräirad ass normalerweis e Gefier op dräi Rieder.
- 3×3-Basketball, ass eng urban an innovativ Variant vum Basketball, déi mat dräi Spiller pro Ekipp op engem hallwe Basketballsterrain an op just ee Kuerf gespillt gëtt.
- En Dräibiz ass en eefällege Mënsch.
- De Buschtaf C, respektiv c, ass den drëtte Buschtaf am laténgeschen Alphabet.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dräi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Wiktionnaire: Dräi Definitiounen, Synonymmer an Iwwersetzungen |
