Op den Inhalt sprangen

Véier

Vu Wikipedia
4
Véier
positiv ganz Zuel, zesummegesat Zuel, defizient Zuel, Quadratzuel, gerued Zuel, zentréiert Dräieckszuel, Potenz vun Zwee, Harshad-Zuel
Virgänger Dräi
Nofollger Fënnef
Ordinalzuel véiert
Eegenschaften
Primfacteur(en) 2
Deeler 1, 2, 4
Zuel vun Dezimalzifferen 1
Aner Duerstellungen
Réimesch IV
Binär 100
Oktal 4
Duodezimal 4
Hexadezimal 4

Déi natierlech Zuel Véier ass d'Nofollgerin vun der Dräi an d'Virgängerin vun der Fënnef. Et ass déi éischt Net-Primzuel no der Eent.

Dat réimescht Zeeche fir d'Véier ass IV. Op den Zifferblieder vun Auere mat réimescher Schreifweis, gëtt d'Véier dacks als IIII duergestallt.

Naturwëssenschaft

[änneren | Quelltext änneren]
n-Butan Modell vun engem n-Butanmoleküll. De n-Butan huet véier Kuelestoffatomer (déi véier schwaarz Kugelen)

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Véier d'Uerdnungszuel vum Beryllium. Tetrachloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CCl4. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivater vum Methan. n-Butan ass e kettefërmege Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkane gehéiert. De n-Butan huet véier Kuelestoffatomer.

De Kugelstärekoup Messier 4 (kuerz: M 4) steet am Stärebild Scorpius. Den NGC 4 ass eng lënsefërmeg Galaxie am Stärebild Pisces. De 4 Vesta ass den zweetgréissten Asteroid an drëttgréissten Himmelskierper an der Haaptasteroidenceinture.

E puer Aarte vu Véierecken

Véier Punkten am Plang definéieren e Véiereck, eng Fläch mat véier Säiten. Et ass déi einfachst Figur, déi deforméiert ka ginn, wärend hir Säitelängten erhale bleiwen, zum Beispill vun engem Rechteck bis zu engem Parallelogramm.

En Tetraeder (vum Griicheschen tetráedron „véier Flächen“) ass e geometresche Kierper mat véier dräieckege Säiteflächen.

Geschicht a Gesellschaft

[änneren | Quelltext änneren]

Déi Véier Moderniséierunge sinn e Wirtschaftsreformprogramm vun der Volleksrepublik China. E gouf haaptsächlech vum Premierminister Zhou Enlai initiéiert. D'Reformen hunn zu enger déiwer Transformatioun vun der chinesescher Wirtschaft a Gesellschaft gefouert a ware wichteg fir d'wirtschaftlech Entwécklung vum Land.

Déi sougenannt chinesesch Véier Grondprinizipe sinn eng politesch Doktrin, déi vum Deng Xiaoping formuléiert gouf. Dës Prinzipie bleiwe bis haut d'Basis fir politesch Argumenter a Reformen an der Volleksrepublik China.

De sougenannte Véiergëtterstee vu Bäerdref ass e wierfelfërmege Sandstee, op deem ronderëm déi réimesch Gëtter Juno, Minerva, Apollo an Herkules an Héichrelief ofgebilt sinn. E steet an der Bäerdrëffer Kierch.

D'Zuel 4 feelt op engem Parking a Japan

Tetraphobie ass den Numm fir d'Angscht virun der Zuel Véier, déi virun allem an asiatesche Länner heefeg ass. Dat kënnt dohier, well d'Wuert Doud an d'Zuel Véier änlech ausgeschwat ginn.

Eng véierfaarweg Kaart vun den USA (Séien an Ozeaner ignoréiert)

De Véier-Faarwen-Theoreem seet, datt véier Faarwen duerginn, fir all d'Beräicher op enger Landkaart esou anzefierwen, datt keng zwee Nopeschlänner déi selwecht Faarf hunn, iwwerdeems dräi Faarwen dofir net duerginn.

Déi véier eedel Wourechte sinn d'Grondlag vun der buddhistescher Léier. Se sinn d'Viraussetzung fir d'Erlaange vum Bodhi.

Déi véier Evangeliste bezéie sech haaptsächlech op d'Auteure vun de véier Evangelien iwwer d'Liewe vum Jesus. D'Nimm Matthäus, Markus, Lukas a Johannes ginn als Autoren uginn, obwuel d'Texter ursprénglech anonym geschriwwe goufen an déi Zouuerdnung méi spéit gemaach gouf.

Le fou du labo 4 ass e franséische Film vum Jacques Besnard aus dem Joer 1967 no engem Roman vum René Cambon.

E Museksensembel mat véier Instrumenter oder véier Persounen ass e Quartett.

 Commons: Véier – Biller, Videoen oder Audiodateien