Philharmonie - Mudam (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Philharmonie - Mudam
Standuert vun der Statioun
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
genannt no Philharmonie Lëtzebuerg, Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Kierchbierg
Koordinaten 49°37'10,09"N, 6°8'30,12"O, 49°37'10,38"N, 6°8'32,60"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Europaparlament / Parlement européen,
Rout Bréck - Pafendall

Philharmonie - Mudam ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.

Lag vun der Statioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit an der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Europaparlament / Parlement européen am Norden a Rout Bréck - Pafendall am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel Aéroport[1] Europaparlament / Parlement européen Philharmonie - Mudam Rout Bréck - Pafendall Stadion[1]

D'Statioun ass no béiden Institutiounen genannt, déi op der anerer Stroossesäit leien, d'Philharmonie an hannendrun de Mudam.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Et ass déi eenzeg Statioun um Kierchbierg wou d'Schinnen net an engem bëtongs, ma engem Pawee-Gleisbett leien.

Bei der Statioun gëtt et eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL-Buslinnen (Halt: Philharmonie - Mudam) an der Rue du Fort Niedergrünewald.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend[2][änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philharmonie - Mudam (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023
  2. Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.