Op den Inhalt sprangen

Lycée Bouneweg (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Lycée Bouneweg
ass eng Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 11. September 2022
genannt no Bouneweger Lycée Luxembourg
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Bouneweg-Süd
Koordinaten 49°35'24,47"N, 6°8'19,00"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 4
Passagéier/Joer 63.877
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Leschte Steiwer / Dernier Sol,
Scillas

Lycée Bouneweg ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 11. September 2022 opgaangen ass. Si war dunn de provisoresche südlechen Terminus vun der Linn, ier dës de 7. Juli 2024 bis bei de Stadion verlängert gouf. Zanterhier ass se den Terminus vun enger Ramm op zwou, déi eng méi kuerz Streck fiert.

D'Halt Lycée Bouneweg ass en Deel vum Pôle d'échange Lycée Bouneweg.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit an der Rue de Houffalize am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Leschte Steiwer / Dernier Sol am Norden a Scillas am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport Leschte Steiwer / Dernier Sol Lycée Bouneweg Scillas Stadion

D'Statioun läit net wäit ewech vum Bouneweger Lycée, no deem s'och genannt ass.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Halt huet 2 zentral Quaie mat am ganze 4 Gleiser. Déi baussenzegt Gleiser (Quai A op der ëstlecher a Quai D op der westlecher Säit) si Stompgleiser, iwwerdeems déi aner zwee zënter dem 7. Juli 2024 a Richtung Tramshalt Stadion weiderlafen.

D'Quaie si mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. D'Halt ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Lycée Bouneweg / PE) a beim Lycée gëtt et eng Vel'oH!-Statioun.

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Lycée Bouneweg (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]