Universitéit (Tramshalt)
Standuert vun der Statioun | |
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 10. Dezember 2017 |
genannt no | Universitéit vu Lëtzebuerg |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°37'33,02"N, 6°9'37,48"O, 49°37'34,03"N, 6°9'39,53"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale, Coque |
Universitéit ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit an der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale am Norden an Coque am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel - Luxembourg Airport (vu Mäerz 2025 un) |
Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale | Universitéit | Coque | Stadion |
D'Statioun läit um Eck vun der Rue Richard Coudenhove-Kalergi, direkt bei engem Gebai vun der Uni Lëtzebuerg, no där se och genannt ass.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Coudenhove-Kalergi).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäertes an der Ëmgéigend[1]
[änneren | Quelltext änneren]-
De Park central vum Arboretum
-
D'Thomas-Bier virum Gebai vun der Universitéit
-
D'interaktiv Skulptur vum tschechesche Kënschtler Jiří David um Eck vun der Rue Václav Havel
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Universitéit (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.