Op den Inhalt sprangen

Paräisser Plaz / Place de Paris (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Paräisser Plaz / Place de Paris
ass eng Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 13. Dezember 2020
genannt no Place de Paris
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Garer Quartier
Koordinaten 49°36'14,15"N, 6°7'50,88"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 2.029.264
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Place de Metz,
Gare Centrale

Paräisser Plaz / Place de Paris ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 13. Dezember 2020 opgaangen ass.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit an der Neier Avenue am Quartier Gare vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Place de Metz am Norden a Gare Centrale am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport Place de Metz Paräisser Plaz / Place de Paris Gare Centrale Stadion

D'Statioun läit direkt bei der Paräisser Plaz, no där s'och genannt ass.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Paräisser Plaz / Place de Paris (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]