Findel - Luxembourg Airport (Tramshalt)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Tramshalt beim Fluchhafen. Fir de Fluchhafen um Findel, kuckt wgl. Fluchhafe Lëtzebuerg. |
|
Den Terminus vum Tram um Fluchhafen | |
| ass eng | Tramshalt |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 2. Mäerz 2025 |
| genannt no | Fluchhafe Lëtzebuerg |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Nidderaanwen |
| Uertschaft | Sennengerbierg |
| Koordinaten | 49°38'7,33"N, 6°13'1,74"O |
| Reseau | |
| Reseau | Stater Tram |
| Streck(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Gleiser mat Quai | 2 |
| Nopeschstatioun(en) | Héienhaff P+R |
|
| |
Findel - Luxembourg Airport ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 2. Mäerz 2025 opgaangen ass.
Se läit nordëstlech vum Terminal A vum Fluchhafe vu Lëtzebuerg, um Gebitt vun der Gemeng Nidderaanwen, an ass den nërdlechen Terminus vun der Linn.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit um Areal vum Fluchhafe vu Lëtzebuerg, no deem s'och genannt ass.
Den zweeten Deel vum Numm "Findel - Luxembourg Airport" ass op Englesch, fir engem internationale Publikum onmëssverständlech ze verstoen ze ginn, dass do de Fluchhafen ass (d'Metonymie "Findel" dofir wier just de Lëtzebuerger e Begrëff).[1]
| aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
|---|---|---|---|---|
| --- | --- | Findel - Luxembourg Airport | Héienhaff P+R | Stadion |
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat engem zentrale Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Aéroport).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Tramshalt
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]-
d'Skulptur L'envol vun der Charlotte Engels
-
De Schantje vum Skypark Business Center
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Findel - Luxembourg Airport (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen op dëser Statioun:
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Frank Weyrich: "Zusätzliche Sprache für neue Tramhaltestelle." wort.lu, 18.11.2024.
