Toilette

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Toilette ass en Dispositiv, dee geduecht ass fir kierperlech Auscheedungen (haaptsächlech Exkrementer an Urin) vum Mënsch opzehuelen. Nieft dem Dispositiv gëtt awer och de Raum, an deem d'Toilette ass, sou genannt. Meeschtens gëtt se am ëffentleche Raum mat dem Schrëftzeeche WC op der Dier ugewisen. Fréier huet een dacks an Hotellen och op den Dieren d'Zuelen 00 fonnt. Dat koum dohier, well fréier an den Hotellen dacks pro Stack nëmmen eng Toilette war, meeschtens no beim Trapenhaus. Fir déi Dier da vun enger normal nummeréierter Zëmmerdier z'ënnerscheeden, krut se eng duebel Null verpasst.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Toiletten – Biller, Videoen oder Audiodateien