Héienhaff
Ausgesinn
| Héienhaff | |
|---|---|
| An anere Sproochen |
fr: Hoehenhof de: Höhenhof |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Lëtzebuerg |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Frédéric Ternes (CSV) |
| Koordinaten |
49° 38’ 15’’ N 06° 13’ 34’’ O |
|
| |
Den Héienhaff ass e Lieu-dit a fréieren Haff an der Gemeng Nidderaanwen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Vum Héienhaff selwer ass näischt méi ze gesinn. Bei der Extensioun vum Findel gouf alles dem Buedem gläich gemaach. Haut stinn um Héienhaff d'Gebaier vum Cargocenter vun der Cargolux, Maintenancegebaier, an Douanesbüroen. Donieft ass e Recyclingcenter.
Haut
[änneren | Quelltext änneren]Beim Autobunnsverdeeler Sennengerbierg vun der A1 läit de Parking "Héienhaff" deen als Park and Ride funktionéiert a vu wou aus een op den Tram ëmklamme kann.
