Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der aktueller Zuchstreck iwwer Bierchem. Fir déi nei direkt Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg déi am Bau ass, kuckt wgl. Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg. |
E Persounenzuch an der Gare Bierchem | |
Streckekaart vun der Linn 6 | |
Linnennummer | 6 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL, Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg |
iwwer | Gare Houwald, Gare Bierchem, Gare Beetebuerg |
opgaangen | 11. August 1859 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 16,6 km |
Gréisst Steigung | 9 ‰ |
Klengste Radius | 190 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | duebelgleiseg |
Fuerrichtung | riets |
Vitesslimitatioun | 140 km/h, 120 km/h, 60 km/h |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnellen - Barriären |
Km | |
Uschloss: Waasserbëlleg Uschloss: Ettelbréck - Ëlwen |
||
Gare Lëtzebuerg | 0,0 | |
N 3 (Diddenuewener Strooss) (Jean-Pierre-Büchler-Bréck) |
||
Lëtzebuerg-Triage | 1,3 | |
Uschloss Gare Hollerich-Zwickau |
||
B 3 | ||
Tunnel Rangwee | ||
Tramsbréck | 2,1 | |
Gare Houwald | 2,2 | |
CR231 | ||
A1 | ||
Feldwee Grousseweier | ||
Feldwee Duelem | ||
Vizinalstrooss Fenteng - Kockelscheier | ||
Uschloss Linn 4 | ||
CR158 (Kockelscheier - Réiser) | ||
Béiweng | ||
Gare Bierchem | 7,5 | |
Bierchem Rue de Livange | ||
Kréimerchen | ||
N 31 Léiweng | ||
Léiweng Rue de la Chapelle | ||
A 3 | ||
Feldwee | ||
Uelzecht | ||
Beetebuerg Rue Michel Lentz | ||
N13 | ||
Gare Beetebuerg | 11,4 | |
Ofzweigung Esch-Uelzecht an Diddeleng | ||
A 13 | ||
CR161 | ||
Bréck Um Tunnel | ||
CR160 (Diddeleng - Zoufftgen) | ||
franséisch Grenz | 16,6 | |
Uschloss Metz |
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun der Gare vu Lëtzebuerg op Beetebuerg an doriwwer eraus op d'franséisch Grenz südëstlech vun Diddeleng a Richtung Zoufftgen, wou s'Uschloss un d'Eisebunnsstreck Metz - Zoufftgen huet.
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. Den CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
[änneren | Quelltext änneren]D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz gëtt als Linn 6 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 60 bekannt[1].
Et ass eng 16,65 km laang zweegleiseg Eisebunnsstreck mat Normalspuer. Se gouf den 11. August 1859 a Betrib geholl an huet deemools der Gesellschaft Guillaume-Luxembourg gehéiert. Se gouf 1956 mat enger Spannung vu 25 kV - 50 Hz elektrifizéiert.
Weidere Streckeverlaf
[änneren | Quelltext änneren]A Frankräich gëtt se vun der Linn Metz-Zoufftgen weidergefouert a Richtung Grouss-Hetteng, Diddenuewen a Metz. Se ass vu Lëtzebuerg bis op d'franséisch Grenz en Deel vun der kommerzieller internationaler Streck Lëtzebuerg - Dijon
Zu Beetebuerg zweigen zwou weider Strecken of:
- d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch-Uelzecht als Linn 6a.
- d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng als Linn 6b.
Vun der Linn 6a zweigt zu Näerzeng d'Streck op Rëmeleng als Linn 6c of. Vun der 6c geet dann zu Téiteng d'Streck an de Laangegronn als Linn 6d fort.
Vun Esch-Uelzecht geet d'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng als Linn 6f weider. Ausserdeem féiert vun Esch och déi kuerz Streck Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth als Linn 6e virun.
Schlussendlech féiere vu Péiteng dräi Strecken iwwer Rodange weider a Richtung Éibeng (Linn 6g), Mont Saint-Martin (Linn 6h) an Attem (Linn 6j).
Nei Streck vu Lëtzebuerg op Beetebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Am Januar 2015 hunn déi éischt Virbereedungaarbechte fir de Bau vun enger neier Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg ugefaangen[2],[3]. D'Ursaach dofir ass déi zäitweis Saturatioun vun där aler Streck, déi eng Haaptachs vum lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz ass. Déi nei Streck gëtt méi oder wéineger parallel zur Autobunn A3 gebaut. D'Aarbechten hunn e puer Joer Verspéidung op déi ursprénglech Pläng; bis 2027 sollen se (Stand 2024) daueren. [4].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Gare um Houwald
-
D'Gare vu Bierchem
-
Nom Accident vum 14. Februar 2017 bei Diddeleng gëtt d'Streck gefléckt
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2024, Version 2.0.
- D'Stréck Lëtzebuerg - Beetebuerg op rail.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Réseau op cfl.lu, gekuckt de 7. Mäerz 2020
- ↑ Préparation du chantier de la nouvelle ligne ferroviaire Luxembourg – Bettembourg. gouvernement.lu (01.09.2015). Gekuckt de(n) 30.12.2020.
- ↑ Erste Arbeiten für Bahnstrecke nach Bettemburg op wort.lu vum 27. Januar 2015
- ↑ "Nouvelle ligne Bettembourg – Luxembourg." cfl.lu, nogekuckt: 18.08.2024.